Campagne mat Influencer soll hëllefenVirun allem Jonker si schlecht iwwer hir Rechter als Konsument informéiert

Marc Hoscheid
Ma net nëmme bei de Konsumenten, mee och bei de Betriber ass nach Loft no uewen, wann et drëms geet, iwwer hir Rechter a Flichte Bescheed ze wëssen.
Fir sech besser iwwer seng Rechter als Konsument informéieren ze kënnen, gouf e Site en place gesat.

© Marc Hoscheid

Zu Lëtzebuerg ass nach Loft no uewen, wann et dorëms geet, ob d’Konsumente wëssen, wéi eng Rechter se hunn. Virun allem bei deene Jonken, dowéinst lancéiert de Konsumenteschutzministère elo eng Campagne, déi virun allem si viséiert.

Campagne vum Konsumenteschutzministère / Reportage: Marc Hoscheid

Ronn 26 Prozent vun de Leit wësse gutt oder ganz gutt iwwer d’Rechter Bescheed, déi se als Konsument hunn, 46 Prozent si mëttelméisseg informéiert a knapp 28 Prozent schlecht bis ganz schlecht. Dat geet aus enger Enquête vum Statistical Surveys Department vun Euroconsumers ervir, déi am Optrag vun der Lëtzebuerger Direktioun fir Konsumenteschutz gemaach gouf. Opfälleg ass, datt bei de Konsumenten tëscht 18 a 34 Joer den Taux vun deenen, déi schlecht bis ganz schlecht informéiert sinn, mat ronn 31 Prozent ee gudde Krack méi héich wéi an deenen aneren Alterskategorië läit.

Dowéinst wëllt een elo geziilt déi méi jonk Leit uschwätzen. Fir dat ze erreechen, setzt een op Videoe vun Influencer. De Responsabele fir d’Kommunikatioun bei der Direktioun vum Konsumenteschutz Yves Karier erkläert.

“Déi Influencer wäerten elo iwwert déi nächst puer Wochen esouwuel Reals wéi och Storys posten. Et sinn ongeféier 15 verschidden Influencer, déi mer do geholl hunn. Parallel dozou maache mer awer och eng Campagne mat dräi Influencer mat Spotten am Kino. A mir hunn dann eben och eng Landing page, wou all déi Reals op enger Plaz ze fanne sinn, respektiv all d’Informatiounen am Kontext vun deenen eenzelen Thematiken.”

Fir déi Influencer, déi fir hir Aarbecht bezuelt ginn, erauszesichen, gouf mat der Kommunikatiounsagence Brune zesummegeschafft. Bei der Opbereedung vun de Videoen hate si fräi Hand, et gouf awer kontrolléiert, datt de Contenu faktesch richteg ass. Et fält op, datt “just” 86 Prozent vun de Konsumenten, déi ee Problem hunn, deen och signaliséieren. Dozou de Premier Conseiller de gouvernement an der Direktioun vum Konsumenteschutz Marc Fischer.

“Wann do nach ee Strapp feelt, fir no uewen ze kommen, dann huet dat bestëmmt vill verschidde Grënn. Zum Beispill ze fäerten, Enttäuschungen an der Vergaangenheet, net wësse wouhin. Oder zum Beispill, datt engem den Opwand ze grouss ass. Dat ass eppes, wat zouhëlt, well mëttlerweil vill ëstlech oder fernëstlech Plattformen eppes fir bëllegt Geld schécken an et weess een net wouhin an den Opwand fir 1,40 Euro ass dann net ëmmer derwäert.”

Direkt e puer Mol gouf wärend der Presentatioun ënnerstrach, datt et een Zesummespill tëscht de Konsumenten op där enger an de Professionellen op där anerer Säit braucht. An och bei de Betriber gëtt et nach Loft no uewen, esou d’Konsumenteschutzministesch Martine Hansen.

“Mir maache reegelméisseg Webinaire mat deene Professionellen, fir si ze informéieren. Mir kréie jo och ëmmer nei Direktive vun der EU, déi mer ëmsetzen, do ass et wichteg, datt mer si mol fir d’éischt informéieren. Mir stellen zum Beispill ganz dacks fest, datt, wa mer een hunn, deen een neie Buttek opmécht oder ee Pop-Up-Store huet, datt deen null informéiert ass. An et ass net eis Aart a Weis fir ze schaffen, fir deenen direkt eng op den Deckel ze ginn. Mee mir soen: ‘komm mir maachen ee Webinair, mir informéieren dech, datt’s de dech kanns en règle setzen’, fir eben dat ze bidden, wat de Konsument och braucht.”

Wann ee kuckt, a wéi enge Beräicher d’Konsumenten am meeschte Problemer hunn, da sinn dat d’Flecke vu futtisser Wuer, de Remplacement an de komplette Remboursement. Ee Beräich, deen an deene leschte Joren ëmmer méi wichteg ginn ass, ass dee vun de Passagéierrechter beim Fléien. A fir sech besser iwwer seng Rechter als Konsument informéieren ze kënnen, ass vun e Mëttwoch un de Site www.MyConsumerRights.lu online. Hei fënnt een ee Simulator, deen engem uweist, a wéi engem konkrete Fall ee wéi eng Rechter huet.

Liest hei den offizielle Communiqué

Back to Top
CIM LOGO