Et ass offiziellVum 29. Juni u ginn d'Schüler nees zesummen an d'Schoul

RTL Lëtzebuerg
De Regierungsrot huet decidéiert, fir vum 29. Juni, also e Méindeg 8 Deeg un, d'Schüler an d'Schülerinnen nees zesummen an d'Schoul ze schécken.
Pressekonferenz vum Claude Meisch
De Regierungsrot huet decidéiert, fir vum 29. Juni, also e Méindeg 8 Deeg un, d’Schüler an d’Schülerinnen nees zesummen an d’Schoul ze schécken.

Den aktuellen A-B-Modell gëtt also ofgeschaaft. Am Fondamental an am Secondaire hunn d’Schüler domadder vum 29. Juni un nach 13 Schouldeeg zesummen als Klass. D’Bänke sollen elo nees, am Sënn vun der Chancëgläichheet, beienee geréckelt ginn, fir alle Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, dëst Schouljoer sou normal wéi méiglech ofzeschléissen, sot e Freideg den Owend den Educatiounsminister Claude Meisch.

Déi zousätzlech Personalressourcen am Fondamental ginn dann och bäibehalen. Doduerch solle schwaach Schüler a Schülerinnen déi néideg Ënnerstëtzung kréien a Retarden opgeschafft ginn.

An der Klass réckelen d’Kanner also méi no beieneen, mä d’Hygiènesreegele bleiwen. D’Horairë vun 8 bis 13 Auer bleiwe bestoen. D’Pause bleiwe versat an och d’Kantinne bleiwen zou. Vulnerabel Enseignanten a Schüler kënne weider doheem bleiwen.

Da gëtt nieft Dagesausflich och de Schoulsport am Fondamental nees erlaabt. D’Enseignanten decidéieren, wat gemaach gëtt. De Minister mécht en Appell, datt de Schoulsport esou vill wéi méiglech dobausse soll sinn.

Am Secondaire wäert et dëst Schouljoer kee Sport méi ginn. Organisatoresch wär dat net méiglech an donieft géingen d’Sportsproffen den Ament op anere Plaze gebraucht an agesat ginn, sou de Claude Meisch.

Fir d’Crèchen huet den Educatiounsminister an Aussiicht gestallt, et géif ee wuel den nächste Freideg déi nächst Etappe vum Deconfinement kënnen annoncéieren, dat fir d’Zäit nom 15. Juli.

RTL-News: Felsea - Privatcrèchë si prett, fir nees normal ze funktionéieren

De Replay vun der Pressekonferenz

Back to Top
CIM LOGO