
Och mir kënne muer nees normal ufänken, wa mer nëmme gelooss ginn, dat seet den Arthur Carvas, de President vun der Felsea. Den Daachverband vun de Privatcrèchen erwaart sech no der annoncéierter Ouverture an de Schoulen och fir hire Secteur vum Claude Meisch d’nächst Woch kloer Annoncen.
Den Ament dierfen an de Crèchë jo nëmme 5 Kanner pro Grupp betreit ginn. D’Hallschent vun de Kanner, déi bis ewell friembetreit goufen, hu bis de 15. Juli, sou laang den aussergewéinleche Corona-Kontrakt leeft, keng Plaz méi kritt. Vill Kanner an Eltere géifen awer froen, fir nees normal an d’Crèche ze kommen, sou den Arthur Carvas an et wier een och prett, fir déi Normalitéit unzebidden.
Personalenkpäss maachen dem President vun der Felsea keng Suergen. Och an normalen Zäite wieren ëmmer emol Mataarbechter a Formatioun oder am Krankeschäin respektiv Congé maternité a sollt eng Struktur op manner Personal kënnen zeréckgräifen, wier déi sécher professionell genuch, fir deen Ament manner Kanner unzehuelen.
Enn Juni stellt sech och d’Fro, wéi den Alldag an der Summervakanz dëst Joer an de Crèchen a Foyere wäert ausgesinn, och do waart d’Felsea nach op Informatioune vum Ministère, fir besser plangen ze kënnen.
Wat dëst Joer sécher anescht ass, am Confinement hunn eng Rei Elteren d’Kontrakter vun hire Kanner gekënnegt a sech anescht arrangéiert. De President vun der Felsea schwätzt hei vu 5-10% vun der Kapazitéit.
Eng finanziell Abouss, déi och net méi opzefänke wier. Wéi grousst d’Lach ass, dat d’Corona-Pandemie an d’Keese vun de Crèchë gerappt huet, dat wier elo nach net definitiv ofzegesinn a géif och vun der weiderer Entwécklung um Aarbechtsmarché ofhänken
Vu Corona-Infektiounen an enger Privatcrèche weess den Arthur Carvas iwwregens näischt. Weder bei engem Kand, nach bei engem Mataarbechter.
Fir d’Crèchen huet de Claude Meisch e Freideg op enger Pressekonferenz an Aussiicht gestallt, et géif ee wuel nächste Freideg, de 26. Juni déi nächst Etappe vum Deconfinement kennen, fir d’Zäit nom 15. Juli ze annoncéieren.
