
Aktuell si just nach 4 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.317 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 64 waren ergänzend Dosen, wärend et bei zwou Persounen déi zweet Dosis war.
Bei 84 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.