
Och de Staat wier an där Verantwortung. An deem Sënn huet den CSV-Deputéierte Paul Galles eng parlamentaresch Fro gestallt.
Den Ament sinn op 40 Gebaier vun ëffentleche Verwaltunge Photovoltaikanlagen, op 19 Gebaier si Solaranlagen, vun am Ganzen 1.500 ëffentleche Gebaier, dat äntwert de Bauteminister François Bausch. Dat wieren deemno 4 Prozent vun den ëffentleche Gebaier. Allerdéngs wier et flächeméisseg méi, well d’Anlage virun allem op grousse Gebaier installéiert wieren. D’Majoritéit vun den ëffentleche Gebaier ginn iwwerdeems nach mat fossillen Energië gehëtzt. Insgesamt 34 Gebaier awer gi mat Biomass gehëtzt a 84 sinn un e Fernwärmenetz ugeschloss.