
D'Landesplanung muss méi sinn, ewéi just strategesch Pläng, se muss duerch konkret Projeten, eng besser Koordinatioun an eng gemeinsam Verantwortung vu Staat a Gemengen an d'Praxis ëmgesat ginn. Dat huet den zoustännege Minister Claude Meisch e Mëttwoch an der Chamber betount.
Et géif net duergoen nei Bau- a Wirtschaftsflächen um Pabeier auszeweisen. Entscheedend wier, datt dës och konkret realiséiert ginn. Dofir géif de Staat op eng méi enk Zesummenaarbecht mat de Gemengen, de Proprietären an de Promoteure setzen, besonnesch fir prioritär Wunnzonen a wirtschaftlech Aktivitéitszonen ze aktivéieren.
Gläichzäiteg soll d'Entwécklung méi staark am Bestand stattfannen: duerch d'Notze vu Baulücken, d'Ëmbauung vun Industriebrachen an eng geziilte Verdichtung, fir den zousätzleche Verbrauch vun Terrainen ze limitéieren.
E weidere Schwéierpunkt ass d'Stäerke vun de regionale Zentren, wéi der Nordstad an Esch-Belval. Dës sollen an Zukunft méi Aufgaben a Servicer fir hir Regiounen iwwerhuelen. Dofir wëll d'Regierung och d'Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an d'Verbindung tëscht Landesplanung a Gemengefinanze weiderentwéckelen.