Aarbechtsminister Marc SpautzVun engem Krich tëscht Gewerkschaften huet keen eppes

Pit Everling
Den Aarbechtsminister äussert sech zu den Tensiounen tëscht der Gewerkschaftsfront an der Staatsbeamtegewerkschaft.
De Marc Spautz als Invité am RTL-Studio (RTL-Archiv)
© François Aulner / RTL

D‘Gewerkschaftsfront verlaangt méi Matsproocherecht bei der Fonction publique. OGBL an LCGB wëlle bei den Negociatioune fir den nächste Gehälteraccord beim Staat mat um Dësch sëtzen. Sollt dat net geschéien, da sollt d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP net méi un de Reunioune vum Comité permanent du travail et de l’emploi deelhuelen, fannen OGBL an LCGB.

Den neien CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz léisst wëssen, datt hien de Message héieren hätt, verweist awer a punkto CPTE op d‘Gesetz:

“Bis elo war dat d’Exklusivitéit vun der CGFP. A mir ass de Moment net bekannt, dass an eng aner Richtung sollt diskutéiert ginn. Déi Fuerderung do huet sech jo eréischt an deene leschten Deeg nach eng Kéier esou fest konkretiséiert. Wat de CPTE ubelaangt, wëll ech just soen, do steet am Gesetz, dass déi dräi representativ Gewerkschaften do sinn. An dat ass den LCGB, den OGBL an d’Fonction publique. Mee ech hunn de Message vun de Gewerkschaften aus dem Privatsecteur verstanen an ech wäert och do mat de Gewerkschaften nach eng Kéier driwwer schwätzen, fir ze kucken, wéi mer do kënne virukommen.”

Den Aarbechtsminister verweist a punkto CPTE op d’Gesetz

Wat d‘Fuerderung selwer ugeet wier et effektiv esou, datt et entretemps ganz vill Salarié beim Staat géing ginn:

“Doduerch dass ëmmer méi Établissements publics kommen, hu mir jo och Leit aus der Fonction publique, déi nom Privatrecht-Statut behandelt ginn, wou een awer och muss wëssen, dass bei den Accorden, wéi zum Beispill an der Santé, wéi an dem soziale Beräich, dass dat sech jo ëmmer orientéiert no de Resultater vun der Fonction publique. An dat ass jo och doduerch, do verstinn ech et op alle Fall, wann ech déi Ausféierunge vun deenen zwou anere Gewerkschaften héieren, ass dat d’ Ursaach, wou se soen: ‘mir wiere gären do als Beobachter’.”

Marc Spautz: Ëmmer méi Etablissements publics

Mam Gehälteraccord beim Staat hätt hien awer just indirekt eppes ze dinn, esou den Aarbechtsminister Marc Spautz weider. Dat wier de Ressort vum Minister fir den Ëffentlechen Déngscht Serge Wilmes.

Op alle Fall hofft de Marc Spautz, datt hei kee Krich tëschent Gewerkschafte wäert entstoen, dovunner hätt keen eppes.

Back to Top
CIM LOGO