
Den Adnan Ceman, Chef vu MeteoLux, huet am RTL-Interview erkläert, wisou et zu dësem Stuerm koum a wat den Impakt vun esou Wiederphenomener kéint op Lëtzebuerg sinn.
An de leschte Wochen hätt den Jetstream méi wäit südlech iwwer Europa geleeën. Dat wier och eng Erklärung vun dem relativ vereente Wieder a leschter Zäit. Duerch den Jetstream leien d’Déifdrockgebidder méi südlech a brénge fiicht Loftmassen iwwert dem Atlantik mat, esou de Meteorolog.
De Stuerm “Ciaran” wier aus engem Komplex vun Déifdrockgebidder iwwert dem Atlantik (südlech vun Island a westlech vu Groussbritannien) entstanen. Duerch de relativ déiwe Loftdrock am Zentrum vum Stuerm wier och d’Dynamik méi ausgepräägt, wouraus och de staarke Wand resultéiert.
D’Trajectoire vum Déif louch südlech vun England an huet sech dunn nërdlech iwwert der Regioun vu London beweegt. “Aktuell fëllt sech de Stuerm op, domat ass gemengt, dass e sech ofschwächt, well de Loftdrockënnerscheed méi kleng gëtt”, esou de Chef vu MeteoLux.

Wandspëtzte vun iwwer 200 Kilometer an der Stonn wiere relativ seelen, a géifen dann och éischter a Küsteregiounen optrieden.
“Bedéngt duerch d’Topographie an déi doraus resultéierend Reiwung um Buedem schwächt sech esou e Stuerm of, soubal en op Land trëfft. Trotzdeem kënnen dann awer Spëtzte vu méi wéi 100 km/h och bis op Lëtzebuerg duerchdréngen a fir vill Schued suergen, zemools well esou héich Vitessen an eise Géigenden net esou heefeg optrieden.”
MeteoLux hat fir en Donneschdeg eng Alerte Jaune fir Lëtzebuerg erausginn.