
D'Waasserwirtschaftsamt huet d'Warnphas am Kontext vum Drénkwaasser opgehuewen. Wéi et e Freideg heescht, wieren d'Leit spuersam mam Drénkwaasser ëmgaangen, esou datt d'Versuergung sech nees stabiliséiert huet.
Déi aktuell Reserven a Capacitéite géingen deemno fir de Bedarf vun der Bevëlkerung duergoen, esou datt d'Warnphas op nationalem Niveau opgehuewe ka ginn.
D'Waasserwirtschaftsamt appelléiert awer un d'Bierger, weiderhi keen Drénkwaasser ze verschwenden. D'Beméiungen aus de leschte Wochen hätten deemno gewisen, "datt d'Verhale vun all Eenzelem konkreet dozou bäidroe kann, dës liewenswichteg Ressource ze schounen an hir laangfristeg Disponibilitéit ze garantéieren", schreift d'Autoritéit.