
Zanter dem 1. September gëtt Wero benotzt, e Produit vun EPI, der European Payments Initiative. Eng Rei Leit sinn awer den Ament blockéiert a kréien hire Konto net aktivéiert. De Ralf Hamal vun EPI seet: "Dat lescht wat ech gesinn hunn, war dass 0.75 Prozent vun de Leit bei der Aktivéierung blockéiert sinn. Mam neie Service kommen operationell Changementer, an do schaffe mir Hand an Hand mat de Banken."
Eis Banke kéinten och näischt géint de Probleem maachen; dee kënnt beim Iwwerpréiwe vun der Identitéit vu verschiddene Clienten, erkläert den zukünftege Generaldirekter vun der Spuerkeess, de Benoît Elvinger: "An do kann et effektiv a ganz vereenzelte Fäll virkommen, dass si zousätzlech Informatioune froen, déi mir oder aner Banken awer direkt liwweren. Wat mir feststellen, ass dass EPI heiansdo méi Zäit brauch, fir déi Saachen ze veraarbechten, mee do sinn ech zouversiichtlech, dass mir Léisunge wäerte fannen."
Ronn 87.000 Cliente vun der Spuerkeess hätte sech scho bei Wero enregistréiert, dat wier e groussen Undeel vun de fréiere Payconiq Utilisateuren. 95 Prozent vun den Iwwerweisunge géife beim 1. Versuch och duerchgoen, do wier d’Zil natierlech 100 Prozent z’erreechen.
EPI huet d'Lizenz vu Payconiq opkaaft. Dëse Service wäert vum 30. September un net méi funktionéieren. Doru soll och näischt änneren. Déi Leit, déi da Wero nach net aktivéiert kruten, misste Gedold hunn. Se sollten den Aktivéierungsprozess awer net nach eng Kéier lancéieren, dat géing näischt bréngen, esou de Ralf Hamal. EPI misst de Prozess ofschléissen, bei verschiddene Cliente géing dat leider méi laang daueren, an si entschëllegen sech fir all Delai.