Fuerschungsprojet "TREC"Wat d'Musel iwwer den Zoustand vun eiser Ëmwelt verrode kann

Chris Meisch
Ryck Thill
Wéi gesond sinn eis Flëss – a wéi staark ginn dës Ökosystemer vum Mënsch beaflosst? De Fuerschungsprojet TREC ënnersicht mat Hëllef vu Mikroorganismen, wéi sech de Mënsch a seng Aktivitéiten op d'Musel an hir Ökosystemer auswierken.
Wat d'Musel iwwer den Zoustand vun eiser Ëmwelt verrode kann
De Fuerschungsprojet TREC ënnersicht mat Hëllef vu Mikroorganismen, wéi sech de Mënsch a seng Aktivitéiten op d'Musel an hir Ökosystemer auswierken.

E Méindeg de Moien hunn dofir Wëssenschaftler vum EMBL, dem Europäesche Molekular Biologie Laboratoire an der Uni Lëtzebuerg an der Musel bei Maacher Waasser- a Buedemprouwe gesammelt. Et geet drëms, besser ze verstoen, wat fir een Impakt de Mënsch op den Zoustand vun de Flëss huet. Méi genee kucken d'Fuerscher dofir, wéi verschidde Mikroorganismen op Verännerungen an der Ëmwelt reagéieren, erkläert de Paul Wilmes, Professer fir Ökosystemer:

"Dat hei ass déi éischte Kéier, wou mir wierklech eng systemiwwergräifend integrativ Analys maachen, fir eng Datebasis ze hunn, fir ze kucken, wou musse mir an Zukunft Jalone setzen, zum Beispill, fir besser mat der antimikrobieller Resistenz ëmzegoen. De Punkt ass eeben deen, dass allgemeng Pollutioun dozou féiert, dass een och méi antimikrobiell Resistenzen huet. Déi Ëmweltdimensioun am Bezuch op antimikrobiell Resistenzen ass bis dato wierklech gréisstendeels onerfuerscht."

D'Fuerscher kucken dobäi net nëmmen op een eenzele Problem. Am Fokus stinn ënner anerem d'Auswierkunge vum Klimawandel, d'Verschmotzung vun der Ëmwelt, d'Verbreedung vun Antibiotikaresistenzen an de Réckgang vun der Biodiversitéit. Zil ass et, dës Entwécklungen net getrennt vuneneen ze analyséieren, mee besser ze verstoen, wéi se sech géigesäiteg beaflossen an zesummenhänken.

"Déi ganz Zesummenhäng, well dat ass net eendimensional, dat sinn eng ganz Rei vu Verstréckungen, déi versiche mir eebe mat dem heite Programm opzeschléissen, fir Donnéeën ze generéieren, déi dann an Entscheedungsprozesser kënne mat afléissen, fir dass een eebe rational Entscheedunge kann treffen, wat déi doten Erausfuerderungen a Froen ugeet."

Den europäesche Projet ënnersicht och aner Flëss an der EU. Mee och den EMBL gesäit an der Musel eng ideal Regioun fir esou Fuerschungen. Grenzfloss tëscht dräi Länner, ass de Laf vun der Musel staark vun Industrie, Landwirtschaft a Schëfffaart gepräägt, erkläert de Jan Korbel.

"In Zukunft möchten wir das mehrfach machen. Vor allem jetzt im Kontext unserer vergangenen Projekte, wo wir ganz Europa besucht haben und die Küsten analysiert haben, wollen wir an die Standorte zurück, nur dann können wir wirklich verlässlich sagen, was Umwelteinflüsse und ein sich veränderndes Klima für Auswirkungen auf das Ökosystem haben."

Fuerschungsprojet "TREC" / Reportage: Chris Meisch

Back to Top
CIM LOGO