E Sonndeg gouf et am Zentrum véier Reschtsëtz. Mat enger weiderer Method, déi e puer mol widderholl ka ginn, kruten dunn als éischt d’CSV, dunn d’DP an déi Lénk an dunn nach d’LSAP e Reschtsëtz. Mä dat war knapps.
De Prinzip vun de Reschtsëtz ka brutal sinn. E Sonndeg mat der Ausnam vum Zentrum besonnesch fir d’LSAP. Am Süden kruten d’Sozialisten deen éischte vu véier Reschtsëtz. Dee leschte Reschtsëtz, deen an der Reegel am meeschte wackelt, hu se un d’DP verluer. Am Osten e bësse manner däreg un d’ADR.
D’Reschtsëtz hunn der LSAP e Sonndeg net an d‘Kaarte gespillt. A Prozenter ass si zweet stäerkste Kraaft virun der DP. An der Sëtzverdeelung steet d’DP mat 14 allerdéngs besser do, wéi d’LSAP mat 11. Insgesamt 14 Rechtsëtz goufen e Sonndeg iwwer d’Parteie verdeelt - ee Rekord.