Déi komplett LëschtWéi eng Gemengen erlaben dëst Joer Freedefeier, respektiv verbidden et net?

Jeff Birsens
Op Silvester gëtt gären emol Freedefeier ofgeschoss. Ma ouni Autorisatioun vun der Gemeng ass dëst op ville Plazen net erlaabt.
© RTL Grafik

All Joer ass et op ville Plazen am Land aus Sécherheets-, Ëmwelt- an Déiereschutzgrënn net erlaabt, Freedefeier, Wicken oder aner Knupperten op Silvester ofzeschéissen.

Mir haten en Opruff gemaach, wou Dir eis konnt matdeelen, wéi et dëst Joer an Ärer Gemeng gereegelt ass. Net méi spéit wéi de 24. Dezember um 11.15 Auer hate mer aus all Gemeng d’Bestätegung entweder via Mail, respektiv via Telefon matgedeelt kritt. Déi komplett Lëscht, mam Verglach zum Joer virdrun, fannt Dir elo hei ënnendrënner.

Vill vun de Gemengen, déi Freedefeier erlaben, maachen dëst ënner bestëmmte Reegelen oder Restriktiounen, wéi just op verschiddene Plazen oder zu gewëssen Zäitfënsteren. Wéi et an Ärer Gemeng ausgesäit, fannt Dir normalerweis op hirem Internetsite, respektiv hei an der Lëscht beim kuerze Kommentar.

Verschidde Gemenge gi ganz kloer en Zäitraum un, wéini et erlaabt ass, anerer si manner prezis a gi just “Recommandatiounen” eraus, dach wgl. ze verzichten, ouni awer ze soen, et wier definitiv verbueden. Mir hu probéiert et an eiser Lëscht beschtméiglech erëmzeginn, wéi mir et matgedeelt kruten.

Wat geschitt, wa Leit trotzdeem Freedefeier maachen a Knupperte lassloossen?

Op Nofro hi seet, d‘Police, dass d‘Bestëmmunge fir de Gebrauch vu Knupperten a Rakéiten an all Gemeng am Règlement général de police festgehale sinn. D’Geldstrofen, déi an dëse Gemengereglementer fixéiert sinn, situéiere sech an der Reegel tëscht 25 an 250 Euro. Dat hänkt wéi gesot vun der Gemeng of.

D’Police ass wuel net geziilt op der Sich no Leit, déi trotz Verbuet knuppen. Wéi all Owend patrulléieren awer och Polizisten an der Silvesternuecht. Wann d‘Police illegaalt Freedefeier gemellt kritt, fiert se kucken an da kann et e Protokoll ginn. De Recht reegelen, wann néideg, d‘Justizautoritéiten.

Fro an Äntwert: Freedefeier - wat ass erlaabt?

Hei am Land ginn et véier Kategorië vu Freedefeier. Just déi zwou éischt kann ee fräi kafen. Harmloost Geschier aus der Kategorie 1 kritt ee vun 12 Joer un. Fir d‘Kategorie 2 muss ee scho volljäreg sinn an d‘Police recommandéiert beim Gebrauch prinzipiell eng Distanz vun aacht Meter. Et soll ee just zertifiéiert Knupperten a Rakéite kafen an dat och just a Butteker, déi eng Autorisatioun vun der ITM hunn. Do ginn et spezifesch Virgaben, wat d‘Lagerung ugeet: zum Beispill dass de Buedem vum Depot aus feierfestem Material muss sinn, an dass eng Temperatur vu 75 Grad net iwwerschratt däerf ginn. Natierlech gëtt op Silvester geprost, mä wien op Freedefeier wierklech net verzichte kann, soll dofir eng Persoun designéieren, déi näischt intus huet. Besonnesch soll een op Kanner oppassen. A virop ass et de Rappel vun der Police fir kee Knuppert a keng Rakéit an der Hand unzefänken. Et wëll jo kee mat engem grujelegen Accident an dat neit Joer starten.

Hei den Iwwerbléck vun de Gemengen:

Gemeng

24/25

-

25/26

Detail


Ärenzdallgemeng


Bäerdref


Bartreng


Bauschelt


Bech

✔️

✔️

Vun 23h45 bis 0h30

Beefort


Beetebuerg


Bettenduerf

✔️

✔️

Vun 23h45 bis 00h15

Betzder

✔️

✔️

Vun 0h00 bis 0h10

Biekerech


Biissen


Biwer

✔️

✔️

Vun 23h55 bis 00h30

Bous-Waldbredimus


Buerschent


Clierf


Colmer-Bierg


Conter


Déifferdeng


Diddeleng


Dikrech


Dippech


Duelem


Ell


Ëlwen


Esch-Uelzecht


Esch-Sauer


Ettelbréck

✔️

✔️

Vun 23h45 bis 00h15

Feelen

✔️

Am Duerf net erlaabt, 100 Meter ausserhalb OK

Fëschbech


Fiels


Fluessweiler


Fréiseng

✔️

Opruff vum Schäfferot ze verzichten

Garnech

✔️

✔️

Vun 0h00 bis 0h15

Géisdref

✔️

✔️

Vun 23h30 bis 00h30

Gréiwemaacher

✔️


Groussbus-Wal


Habscht


Helperknapp


Hesper


Hiefenech


Iechternach


Ierpeldeng-Sauer

✔️

Vun 23h45 bis 00h15, wann een Autorisatioun krut

Jonglënster


Käerch

✔️

✔️

Vun 23h50 bis 00h20

Käerjeng


Keel


Kielen


Kiischpelt


Konsdref


Koplescht


Leideleng


Lenneng


Lëntgen


Lëtzebuerg


Luerenzweiler


Mäertert


Mäerzeg


Mamer


Manternach


Miersch

✔️

✔️

Vun 23h45 bis 0h30

Monnerech


Munneref


Nidderaanwen


Noumer

✔️

✔️

Kee Verbuet, mä Recommandatioun ze verzichten

Parc Housen


Péiteng


Pëtschent

✔️

✔️

Opruff ze verzichten, ma et ass net verbueden.

Préizerdaul


Rammerech


Reckeng op der Mess


Réiden/Atert


Réimech


Reisduerf

✔️

Vun 0h00 an 00h30

Réiser

✔️

✔️


Rëmeleng


Rouspert-Mompech

✔️

✔️

Vun 23h45 bis 00h15 op eege Responsabilitéit

Sandweiler


Schëffleng


Schengen


Schëtter


Schieren

✔️

✔️

Vun 23h45 bis 00h15

Sëll


Stadbriedemes

✔️


Stauséigemeng


Steesel


Stengefort


Stroossen

Suessem

Den 31.12.25 huet d’Gemeng preziséiert, et wier komplett verbueden.

Tandel

✔️

✔️

A Moossen an a Respekt vun der Ëmgéigend

Useldeng

✔️


Veianen


Viichten


Wäiswampech

✔️

✔️

Vun 23h45 an 00h15

Waldbëlleg


Walfer


Wanseler


Weiler zum Tuer


Wëntger


Wolz


Wuermer

✔️

✔️

Vun 00h00 bis 00h15

Back to Top
CIM LOGO