Serie 30 Joer Wëlldéierestatioun (1)Wéi koum et zu der Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng?

RTL Lëtzebuerg
Zanter 30 Joer ginn an der Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng Déieren opgeholl, déi Hëllef brauchen: 30 Joer Aarbecht mat ganz vill Häerzblutt.
© Nadine Gautier

D’Ufäng waren awer net esou professionell, wéi et haut de Fall ass. Fir den éischten Deel vun eiser Serie iwwert d’Wëlldéierestatioun, déi bis e Freideg geet, huet d’Nadine Gautier mam Roby Biwer, President vu Natur an Ëmwelt geschwat, déi nach ëmmer e Lien zu der Statioun hat.

Serie Wëlldéierestatioun - Deel 1: Ufäng zu Diddeleng

Vu 600-700 Déiere virun 30 Joer wäert een dëst Joer op bal 4.000 Déieren an Nout kommen, esouvill wéi nach ni. An der Moyenne sinn et am Joer eppes méi wéi 3.000 wëll Déieren.  D’Hëllef fir Wëlldéiere geet op eng privat Initiative zeréck, erkläert de Roby Biwer. De Jean François a seng Fra Janny hu vun 1988 un zu Diddeleng d’Déieren doheem gefleegt, bis dohinner war keng Struktur fir d’Hëllef vun wëllen Déiere virgesinn. "An dat war natierlech Sujet, datt si doheem mat de villen Déieren "ënnergaangen" sinn. Iwwerall waren d'Déiercher: An der Kichen, am Gank an an der Stuff. De Succès huet se iwwerrannt gehat", betount de Roby Biwer.

Duerno gouf dunn um Privatgrondstéck de Gaart fir d’Wëlldéieren ausgebaut. Volièrë goufe gebaut, mä och déi sollte ganz séier ze kleng ginn. Doropshi koum dunn e neien Terrain zu Diddeleng an d’Spill, dee vun der Gemeng zur Verfügung gestallt gouf.

Elo soll d’Déierestatioun eng weider Kéier vergréissert ginn. Dës Kéier um aktuelle Sitte zu Diddeleng, dee 37 Ar grouss ass an ëm 83 Ar soll vergréissert ginn. Do solle komplett nei Volièren installéiert an ee neit Gebai gebaut ginn. Dat aalt, wou den Ament Kichen an Operatiounssäll dra sinn, soll als Infrastruktur fir exotesch Déieren ëmfonctionnéiert ginn.

Aus Plazmanktem hate mir scho Fäll, datt d'Raubdéier an der Géigend vun der Beute an de Käfeger souz. Dat ass net optimal. Mam Ausbau, dee mir an d'A faassen, hoffe mir, datt mir deen am Hierscht oder Fréijoer d'nächst Joer Villes verbessere kënnen."

Fir den Ausbau hunn d’Gemeng Diddeleng an den Ëmweltministère och finanziell Zousoe gemaach. Wat dann elo d’Finanzen ugeet, kënnt ee groussen Deel vun de Moyenen duerch Spenden. Fir ronn een Drëttel vun de Finanzen kënnt de Staat op. Mëttlerweil wier een och personaltechnesch gutt opgestallt, ma och do kéint et Verbesserunge ginn. Dofir huet de Landwirtschaftsministère Wëlles, iwwert de Staatsbudget vum nächste Joer un ee Veterinär ze bezuelen an zwee Poste vu Soigneuren anzeplangen.

Back to Top
CIM LOGO