Ma zanter e Méindeg kann een och en Test ufroen, wann een net mam Fliger an d'Ausland war. Wéi leeft et allgemeng mam Testen no der Vakanz a wéi eng Méiglechkeeten huet een?
De Prinzip ass einfach. Wie vun enger Rees zeréckkënnt, egal ob mam Auto, Zuch oder Vëlo, kann iwwer myguichet.lu e Code fir en Test ufroen. Am Formulaire gëtt een duerch verschidde Froe guidéiert, um Enn kann een eng Teststatioun, Datum an Auerzäit auswielen. Ganz onkomplizéiert u sech, mam Choix fir de Rendez-vous wier et awer net ëmmer einfach, erzielen eis Touristen, well d’Demande grouss ass.
D'Kapazitéite ginn tëscht dem Teste vu Cluster, dem Large Scale Testing mat enger Aluedung oder eben dem Teste vu Persounen, déi aus der Vakanz erëmkommen, opgedeelt an och ëmmer nees un d'Besoinen ugepasst. Verschidden Teststatiounen a beléiften Auerzäite kënnen dann och mol ausgebucht sinn, erkläert den Dr. Thomas Dentzer aus dem Gesondheetsministère.
Wann een d'Gefill huet, dass an der Vakanz manner streng Mesuren en place waren an ee sech nom Retour wëll teste loossen, wier et awer besser, e puer Deeg ze waarden, réit den Dr. Thomas Dentzer.
Den Test ka jo nëmmen eng Infektioun noweisen, wann ee sech scho virun e puer Deeg ugestach huet.
Fir déi Leit, déi mam Fliger zeréckkommen, gëtt den Test direkt um Flughafen ugebueden. Zanter Enn Mee, wéi de Flughafen de Betrib nees opgeholl huet, hunn eng 23.000 Leit vun dëser Offer profitéiert. Dat si ronn 15% vun allen Touristen, déi zeréckkommen. Net mat aberechent sinn awer déi Leit, déi den Test net direkt um Flughafe maachen, mee de Voucher an engem Partner-Labo aléisen.
Soulaang een op d'Testresultat waart, kann een an eng Auto-Quarantän goen, esou den Dr. Thomas Dentzer, dat wier awer keng Mussesaach, wann ee souwisou d'Gestes Barrières anhält.
