No enger Rei IwwerfällWéi verhält ee sech als Affer?

RTL Lëtzebuerg
Iwwert de Weekend ass et an der Stad zu e puer gewalttätegen Iwwerfäll komm.

E Samschdeg, e Sonndeg an e Méindeg goufen Iwwerfäll gemellt, bei deenen d’Ugräifer handgräiflech gi sinn, fir un d’Wäertsaache vun den Affer ze kommen. D’Police mengt net, dass déi Fäll zesummenhänken, mä gëtt eng Rei Rotschléi dozou, wéi ee sech an esou engem Fall verhale soll.

Et soll ee sech am beschten Owes net eleng op Plazen ophalen, déi wéineg besicht sinn an ëmmer den Handy prett halen, fir séier em Hëllef ruffen ze kënnen. Am Fall wou et awer zu engem Iwwerfall kënnt, soll ee probéiere roueg ze bleiwen an dem Ugräifer gi wat e fuerdert, ouni sech ze wieren. Soss riskéiert een, dass den Täter oder d’Täter gewalttäteg ginn. Wann een em Hëllef freet ass et am beschten eng Persoun direkt unzeschwätzen.

No dem Iwwerfall soll een direkt den 113 ruffen an der Police sou genee et geet beschreiwe wat geschitt ass. Wann et Zeie ginn, soll een si no hire Kontaktdate froen, dat ass wichteg fir d’Enquête vun der Police.

Weider Informatioune fannt Dir um Site vun der Police!

Back to Top
CIM LOGO