Plenière ausnamsweis um SamschdegWeider Covid-Gesetzer krute gréng Luucht vun der Chamber

Tom Hoffmann
Ënnert anerem dat vun den Aidë fir energetesch Renovatioune bei Wunnhaiser an och den Delai, fir direkt finanziell Hëllefen unzefroen, gouf verlängert.
Weider Covid-Gesetzer krute gréng Luucht vun der Chamber
Ënnert anerem dat vun den Aidë fir energetesch Renovatioune bei Wunnhaiser an och den Delai, fir direkt finanziell Hëllefen unzefroen, gouf verlängert.

D'Deputéiert hu jo den Ament eng ganz Rei Gesetzprojeten am Kontext vun der Corona-Pandemie op der Lee. Alles an allem gouf et an der Chamber vill Zoustëmmung fir d'Projeten um Ordre du jour.

Gréng Luucht fir 4 Covid-Gesetzer / Rep. Max Schmitz

Net manner wéi véier Projet de loi sinn um Samschdeg gestëmmt ginn. De Gesetzesprojet, deen Aidë fir energetesch Renovatioune bei Wunnhaiser an d’Luucht setzt, ass mat 58 Stëmmen ugeholl ginn. Eleng d’Deputéiert vun déi Lénk hu sech beim Vott enthalen. D’Subventionéierung vun der energetescher Sanéierung wier eng liberal Approche, sot dozou den David Wagner, an den A vun déi Lénk misst een éischter an d’Richtung vun engem Service Public goen. Wéi déi aner dräi Oppositiounsparteie bedauert hien, dass de System net sozialgerecht genuch ass.

Den David Wagner: An de Problem ass och deen, mee meng Virriedner hunn dat och gesot, den Här Engel huet dat gesot, den Här Galles huet dat gesot, soen dat eben erëm eng Kéier. Mee déi heite Primm, déi elo majoréiert gëtt, profitéiert prinzipiell nach ëmmer nëmme weiderhin. Éischtens de Proprietären an déi déi sech et kënne leschten, an déi och a Konditioune liewen, déi vläicht energetesch gesinn, vläicht schonn eendeiteg besser sinn.

An zwee Projet de loi ass et drëm gaangen, fir Demanden, fir direkt finanziell Hëllefen unzefroen, iwwert de 24. Juni eraus bis de 15. Juli ze verlängeren. Déi éischt Zort vun Hëllefe riicht sech u kleng a mëttelstänneg Betriber mat enger Autorisatioun d'établissement.

Dozou d'Rapportrice Simone Beissel vun der DP: Wéi gesäit déi Hëllef aus? Ganz wichteg, et geet ëm zwou direkt Krisenhëllefen, net remboursabel a steierfräi: 5.000 Euro fir Mikro-Entreprisen, 12.500 Euro fir d'Entreprisen, déi wéi ech scho gesot hunn, tëscht 10 an 20 Leit beschäftegen.

Déi zweet Zort vun Hëllefen ass fir déi ronn 28.000 Independanten am Land geduecht.

De leschte Projet verlängert d'Méiglechkeet fir Generalversammlungen oder aner Reunioune vu Societéiten op Distanz, also zum Beispill per Videokonferenz z'organiséieren. Sou kann eng Asbl bis den 30. September hir Assemblée générale ofhalen. Dës 3 Projete kruten d'Unanimitéit.

Dës sougenannte Covid-Gesetzer knäppen un den Etat de crise un, deen e Mëttwoch ausleeft.

Back to Top
CIM LOGO