Déi GréngWeider Ënnerstëtzunge fir d’Leit, mä och responsabel mat den Depensen ëmgoen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Präisdeierecht ass et wichteg, d'Leit weider z'ënnerstëtzen, mä anengems muss de Staat och verantwortungsvoll mat de Suen ëmgoen.
© RTL Archiv

Propos vun déi Gréng - Reportage Dany Rasqué

Dat ënnersträichen déi Gréng, déi an der parlamentarescher Finanz- a Budgetskommissioun zur Kenntnis geholl hunn, datt déi liberal Finanzministesch Yuriko Backes Steiererliichterungen annoncéiert huet, nodeems den Defizit net esou héich ass wéi virgesinn. Der Finanzministesch no gëtt et jo e Sputt vu 500 Milliounen Euro. Déi Gréng hunn eng Rei Proposë gemaach, wéi een déi Suen kéint asetzen.

Deene Gréngen ass et wichteg, datt et geziilt Entlaaschtunge gi fir Leit mat klengen a mëttlere Revenuen. An der Steierdebatt an der Chamber hate si do vun engem Montant geschwat, dee bis zu dräi Mol dem Mindestloun entsprécht.

Eppes wat ville Leit aktuell Kappzerbrieches mécht, ass den Taux variable op hirem Logementsprêt. D’Zënse klammen an de Remboursement gëtt ëmmer méi deier.

Déi Gréng si sech bewosst, wéi schwiereg dat fir vill Leit ass. Den Deputéierte François Benoy: “Dofir ass et wichteg, dass mer eng Äntwert ginn op dee Problem. Och do ass et wichteg, datt ee sozial cibléiert virgeet, an deene Leit hëlleft, déi dat einfach net méi packen. Dofir cibléiert virgoen an d’Aen net virun deem Problem zoumaachen. Et kann een zum Beispill hëllefen, andeems een eng Allocatioun gëtt oder och e geziilte Steierkredit.”

D’Käschte fir eng Wunneng si fir vill Leit zu Lëtzebuerg de grousse Problem an dofir ass de Logement fir déi Gréng e Beräich an deen zousätzlech kéint investéiert ginn: “Eng ganz konkret Mesure ass, datt de Staat elo Suen an de Grapp hëlt fir nach méi Wunnengen ze kafen, wéi en dat virgesinn oder an der normaler Planung hat. Suen ze deblockéieren, fir de private Promoteuren Wunnengen ofzekafen, déi en dann a säin eegene Park kann iwwerhuelen.”

Domadder géif een dann anengems engem Secteur hëllefen, deen den Ament a Schwieregkeeten ass.

Eng weider Moossnam, déi deene Grénge wichteg ass, ass de Präisdeckel um Gas an um Stroum, deen aktuell bis Enn dës Joers gëllt, elo schonn ze verlängeren: “Fir datt einfach den éischte Januar 2024 keen do steet an d’Präisser explodéieren. Fir datt d’Leit einfach wëssen, datt de Präis stabil ass.”

Bei engem Budget, deen defizitär ass, wier et wichteg ze kucken wou een d’Suen ausgëtt a Moossnamen ze decidéieren, déi de Leit och nach no de Walen am Oktober ze gutt kommen.

Back to Top
CIM LOGO