Et goufe rëm Medaile verdeelt"Wisou ech?" froe sech déi Meescht, wa si ausgezeechent ginn

RTL Lëtzebuerg
All Joers ginn op Nationalfeierdag zu Lëtzebuerg Leit ausgezeechent, déi duerch hiert Engagement, hiert Benevolat oder besonnesch Aktiounen opgefall sinn.

Ronn 2.800 Medaile vun ënnerschiddlechem Grad ginn dëst Joer verdeelt. De Gros vun de Concernéierte ginn am zoustännege Ministère ausgezeechent a kréien do hiren Uerden iwwerreecht. Tëscht fënnef a siwe Leit ginn da besonnesch geéiert.

Op Nationalfeierdag selwer an der Zeremonie an der Philharmonie hält de Premierminister eng Ried zu hiren Éieren an erzielt e bësse vum Liewe vun de gewielte Personnagen. Dës kréien da vum Premier an dem Grand-Duc hir Auszeechnung iwwerreecht. Dëst Joer goufen dës

6 Leit an der Philharmonie ausgezeechent.

Wien ausgezeechent gëtt, gëtt awer net spontan eng Woch virdrun decidéiert. Dohannert stécht e ganze Prozess an déi kleng Ekipp vum Service des Ordres Nationaux. Dës huet hire Sëtz an der Villa Pauly, e Gebai mat vill Geschicht, wat zënter kuerzem och fir de Public op ass.

Wéi gëtt ausgewielt?

Uganks dës Joers ginn all d’Ministèren opgeruff, Kandidaten aus hirem Secteur ze recommandéieren. Dat gëtt gemaach, wëll déi ënnerschiddlech Ministère méi genee wëssen, wéi eng Persounen an hirem Beräich méi erausgestach sinn. Dëst Joer gouf zum Beispill dem Kelvin Josue Alvarado Oliva d’Médaille d’honneur pour acte de courage et de dévouement en vermeil iwwerreecht, well hien eng Persoun aus engem brennenden Auto gezunn huet. Hie gouf vum CGDIS respektiv vum Inneministère virgeschloen.

Dës Demandë ginn dann all beim Service des Ordres Nationaux gesammelt. Am Service gëtt den Dossier fir de Premier virbereet. Dräi bis véier Méint virun Nationalfeierdag steet dann déi ganz Lëscht an och d’Auswiel vun de 5 bis 7 Leit, déi an der Philharmonie ausgezeechent ginn.

Hei fänkt fir d’Ekipp d’Recherche-Aarbecht vum Service des Ordres Nationaux dann un, erkläert de Patrick Majerus, Chef vum Service. “Dann geet et drëms, déi hallef Dosen ze kontaktéieren. Dat ass net ëmmer einfach, well mir ganz diskret musse sinn an dat meeschtens keng Leit aus der Gesellschaft sinn, wou een d’Handysnummer schonn huet.

Da mussen déi Concernéiert déi Auszeechnung och nach unhuelen. Déi lescht Joren huet jiidereen Jo gesoot, sou de Patrick Majerus.

“Wisou ech?” ass déi meescht gestallt Fro, wa mir déi Concernéiert iwwert hir Auszeechnung informéieren”, sou de Patrick Majerus. “Do erkläre mir hinnen dacks, dass si stellvertriedend fir hir Organisatioun respektiv fir e ganze Beräich geéiert ginn. Den Domaine, an deem si sech engagéieren, gëtt dann an de Rieden ernimmt.

Wéi héich d’Auszeechnung ass, déi eng Persoun kritt, gëtt vun der Commission des Ordres Nationaux decidéiert.

Wien kann eng Auszeechnung kréien?

A priori muss een op Nationalfeierdag minimum 45 Joer al sinn a 25 Joer laang geschafft hunn. Wann ee bis eemol ausgezeechent gouf, dierf ee réischt 8 Joer méi spéit op en neits eng Medail kréien. Et gëtt awer en Artikel deen Ausname reegelt festleet, sou wéi dat dëst Joer zum Beispill beim Futtballspiller Leandro Barreiro Martins de Fall ass.

Bei der Selektioun gëtt gekuckt, dass ee Leit aus ënnerschiddleche Beräicher éiert. Dozou gehéiert d’Benevolat respektiv de soziale Beräich, d’Kultur, de Sport, d’Ökonomie an Engagement iwwert d’Grenzen eraus. Awer och d’Jugend spillt eng Roll. Sou kuckt d’Auszeechnungen och u Leit ze ginn, déi sech besonnesch fir déi Jonk engagéieren.

Da gëtt et och nach eng speziell Auszeechnung fir Liewensretter. Hei kënnt net jiddereen a Fro. Wichteg bei der Auswiel ass hei, dass de Liewensretter selwer eppes riskéiert huet fir e ze hëllefen.

Et gi ganz verschidde Medailen

Wéi eng Auszeechnung eng Persoun kritt, gëtt vun der Commission des Ordres Nationaux decidéiert. Et gi verschidden Uerden an dann nach ënnerschiddlech Graden.

Back to Top
CIM LOGO