
D’Wort publizéiert den Artikel vum fréiere Vize-Premier an Aarbechtsminister a senger Editioun vun e Samschdeg.
Den Dan Kersch ass virop net zefridde mam Staatsminister sengen Aussoen, wat d’Steierreform betrëfft.
Zënter bal 10 Joer wier et all Kéiers e Kramp, bis d’DP mat Mesuren fir méi Steiergerechtegkeet averstane wier.
Eng ondifferenzéiert Steierreform, wéi d’DP se versprach gehat hätt wier, dem Dan Kersch no vun Ufank un net méiglech gewiescht, och net ouni Pandemie an Krich.
Da geet et och ëm d’Verkierzung vun den Aarbechtszäiten.
Am RTL Neijoerschinterview hat de Premier gesot, dat géif net a Fro kommen an hat proposéiert, datt d’Aarbechtszäiten tëschent Patron an Employé solle fräi verhandelt ginn. Den Dan Kersch nennt déi Propose a sengem Artikel “realitéitsfriem”
Genee sou gutt kéint een “eng Maus opfuerderen, mat engem Kueder ze verhandelen.”
Den Dan Kersch ënnersträicht, datt méi kuerz Aarbechtszäiten gekoppelt mat méi enger flexibeler Gestaltung vun der Aarbechtszäit ganz wuel eng seriö Alternativ wieren, fir Aarbechtskonditiounen an domadder d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg fir Salariéen ze verbesseren.