PoliceZeienopruff no Accident mat Farerflucht am Rollengergronn

RTL Lëtzebuerg
Weider mellt d'Police e Bedruchsfall zu Hamm a Abréch zu Kautebaach.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

Wéi d’Police mellt, koum et an der Nuecht op en Donneschdeg géint 1.45 Auer zu engem Accident mat Farerflucht an der Stad. Un der Kräizung Rue de Rollingergund mat der Rue de Reckenthal hat e Chauffer e Busarrêt ze pake kritt an ass éischten Informatiounen no a Richtung Briddel weidergefuer. Et soll sech beim Gefier wuel ëm e schwaarze BMW X1 - e Modell vun 2015 un - handelen, dee um viischten Deel staark beschiedegt ass.

All Informatioun ass fir d’Stater Police um (+352) 244401000 oder per E-Mail op police.luxembourg@police.etat.lu.

Fall vu Bedruch zu Hamm

D’Police mellt dann nach e Virfall, deen e Mëttwoch géint 16.20 Auer zu Hamm geschitt ass. Zwee onbekannten Täter hunn uginn, fir eng benevole Organisatioun ze sammelen a wollte sech sou Zoutrëtt zu engem Haus verschafen.

Ee vun hinnen hat dobäi no engem Glas Waasser gefrot. Wéi d’Bewunnerin dëst siche gaangen ass, huet den Täter d’Geleeënheet genotzt, fir hire Portmonni ze klauen an ze flüchten. Eng direkt ageleete Sichaktioun war negativ. Ermëttlunge goufe lancéiert.

Rappell vun der Police: Wéi een esou Bedruchsfäll verhënnere kann, fënnt een op hirem Site.

Abroch zu Kautebaach

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf zu Kautebaach an en Eefamilljenhaus agebrach. Dobäi soll eng Fënster ageschloe gi sinn. D’Police huet direkt, nodeem si op d’Plaz koumen, nom Täter gesicht a konnte kuerz drop eng Persoun stellen. Dës konnt och mat engem zweeten Abroch an der selwechter Géigend a Verbindung bruecht ginn. De Parquet huet d’Persoun verhafte gelooss, déi en Donneschdeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter koum.

Back to Top
CIM LOGO