De Budget fir 2026 ass ugehollZu Dippech bleift d’LSAP-DP-Koalitioun bestoen

Marc Hoscheid
Mat de Stëmme vun der Majoritéit ass e Méindeg de Mëtteg zu Dippech de Budget fir 2026 ugeholl ginn.
© Marc Hoscheid

Wärend déi siwe Conseillere vun LSAP an DP mat “Jo” gestëmmt hunn, waren déi véier Conseillere vun CSV an der lokaler Biergerinitiativ dogéint. Am Fong wier dat net wierklech eng Nouvelle wäert, ma wéinst Sträit an der Koalitioun war laang net kloer, ob de Budget géing ugeholl ginn. U sech hätt scho Mëtt Dezember doriwwer sollen ofgestëmmt ginn, ma d’Sëtzung vum Gemengerot war grad emol zwou Stonne virdrun ofgesot ginn.

An deene leschte Méint war ëffentlech ginn, datt et déifgräifend Differenzen tëscht der Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller an dem Schäffe Philippe Meyers, allebéid LSAP, gëtt. Doropshin hat den DP-Schäffe Luc Emering d’Weiderféiere vun der Koalitioun a Fro gestallt. Dat huet d’Oppositioun e Méindeg de Mëtteg natierlech thematiséiert, ma d’Membere vum Schäfferot wollten awer net méi wierklech dorobber agoen. Um Enn gouf de Budget wéi gesot mat de Stëmme vun LSAP an DP ugeholl, sou datt d’Koalitioun weiderbestoe wäert.

© Marc Hoscheid

Back to Top
CIM LOGO