Police deelt matZu Mamer gouf op e Schantjen agebrach, zu Weimeschkierch gouf eng Persoun iwwerfall

Andy Brücker
E weideren Abroch gouf et um Belair, wou awer net preziséiert gouf, ob eppes geklaut gouf.

D'Police gräift an hirem Bulletin um Dënschdeg de Moien zwee Abréch op. Ugefaange mat engem Schantjen zu Mamer, wou um Méindeg d'Täter e Schlass opgebrach hunn, fir eranzekommen. Éischten Informatiounen no goufen eng Partie Géigestänn geklaut.

Och e Méindeg si Brigangen an de Kellerberäich vun engem Appartementshaus agebrach, dat um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte um Belair. Ob eppes geklaut gouf, verréit d'Police net.

Menace mat engem Messer

Iwwerfall e Méindeg de Mëtten zu Weimeschkierch. E Mann gouf vun dräi Persoune mat engem Messer menacéiert. Hie krut e Rucksak an eng Kamera geklaut. D'Täter hu sech duerch d'Bascht gemaach.

Back to Top
CIM LOGO