
Et war géint 18.30 Auer, wéi laanscht d'rue du Barrage zu Rouspert eng gréisser Ausernanersetzung tëscht 20-30 Leit gemellt gouf, bei där mat Knëppelen an Eisestaangen hantéiert géif ginn. Direkt e puer Policepatrulle sinn op d'Plaz gefuer, wou eng 50 Persounen an engem oniwwersiichtleche Chaos ugetraff goufen. Eng 20 Persounen aus 2 Gruppe waren deen Ament schonn am Gaangen sech heftegst ze zerklappen.
Um Enn goufen 8 Persoune blesséiert, zwou dovunner schwéier. Si koumen no enger éischter Behandlung op der Plaz an d'Spidol.
D'Police huet mat Pefferspray mussen agräifen an och Verstäerkung huet musse geruff ginn, fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien. Hir Aufgab gouf net méi liicht gemaach, duerch déi vill Leit déi sech d'Kläpperei ukucke wollten. Vun de Waffen, déi genannt gi waren (Knëppelen an Eisestaangen), konnte keng fonnt ginn.
Schonn am Virmëtteg ware béid Gruppen verbal unenee geroden an d'Police hat do schonn eng éischte Kéier mussen intervenéieren. Och de Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert-Mompech war op d'Plaz komm. De Parquet vun Dikrech gouf informéiert an et gouf eng weider Enquête an d'Weeër geleet.
D'Police freet an deem Zesummenhang no eventuellen Zeien oder Beweismaterial, déi zur Opklärung vun der Kläpperei kéinte bäidroen. Si solle sech bei der Police zu Iechternach mellen, entweder via Telefon um (+352) 244 721000 oder via E-Mail op police.echternach@police.etat.lu.
Et war eng Ausnamesituatioun, en Eenzelfall e Sonndeg zu Rouspert, seet de Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech, de Romain Osweiler, am RTL-Interview. Hie weist sech schockéiert. Et hätt een nach ni op der Spillplaz sou Problemer gehat.
D'Spillplaz wär beléift an eng ëffentlech Plaz. Hei wären zwou Communautéiten uneneegeroden. Déi hätten deels scho moies fréi Beräicher a Bänke fir sech reservéiert a wären am Laf vum Dag unenee geroden.
RTL-Informatiounen no hat sech déi eng Grupp vu Leit wuel déi eng oder aner Bänk "reservéiert" andeems se Bännercher ronderëm gezunn haten. Déi nächst Grupp vu Leit déi dohi komm ass, huet déi Reservéierung awer net fir eescht geholl a sech awer dohi gesat. Wou déi 1. Grupp dunn dohi komm ass, koum et natierlech zum Konflikt, deen herno ausgeaart ass.
De Sauerpark zu Rouspert, d'Spillplaz ass eng ëffentlech Plaz, ganz beléift bei de Famillen, mä keen huet méi Rechter wéi een aneren, betount de Buergermeeschter.
"Mir mussen natierlech oppassen, datt d'Leit net dohinner kommen a si huele sech do Rechter eraus, déi d'Plaz net hier gëtt. Et ass eng ëffentlech Plaz, jiddereen huet do déi selwecht Rechter an et kann net jiddereen do säi Terrain ofstiechen a mengen, do hätt deen dann d'Wuert, d'Recht, dat stëmmt net. Ech verstinn net, et komme Leit op d'Plaz, da gi moies do scho Bännercher gezunn an da gëtt probéiert, jiddereen do säin Terrain ze reservéieren. Et huet mech e bëssen erënnert drun, wann een an d'Vakanz geet an d'Leit leeën hir Handdicher do op d'Ligestill. Sou ass et net geduecht, mir mussen eis do eng afale loossen, datt dat net iwwerhand hëlt."
Eigentlech géif et awer gutt funktionéieren. Dat hei wier eng Ausnamesituatioun gewiescht, sou de Buergermeeschter Romain Osweiler.
2 Führerschäiner goufen dann nach agezunn, well d'Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt haten. Sou z.B. e Sonndeg géint 17 Auer op der N1, wou eng Persoun am ZickZack ënnerwee war. De Chauffer gouf zu Wecker gestoppt an huet de Führerschäin nom positiven Alkoholtest mussen ofginn.
Géint 21 Auer ass en Automobilist zu Käl opgefall. Och hei war d'Kontroll net gutt fir hien, oder besser gesot, fir säi Führerschäin ausgaangen.
Géint 23 Auer gouf e Chauffer zu Ettelbréck an der rue de Bastogne vun de Policebeamten aus dem Verkéier gezunn. Hei war de Peegel allerdéngs ënner 1,2‰, wouropshin et beim Protokoll bliwwen ass.