
D‘CSV, den Ament an der Oppositioun, hat sech allerdéngs fir en eenzege Schoulcampus an der Gemeng staark gemaach a wollt dozou och e Referendum lancéieren. Wéi de Radio 100,7 fir d‘éischt gemellt hat an den CSV-Gemengerot Rafael Gomes RTL géintiwwer confirméiert huet, sinn déi 750 néideg Ënnerschrëften dofir, trotz Informatiounsversammlungen vun den CSV-Vertrieder, awer net zesummekomm. Deemno ass dat Thema bis op Weideres vum Dësch.