An der Gemeng Stengefort waren um Méindeg déi lescht Preparatiounen amgaang. Een Dag virun der Rentrée ginn an der Grondschoul zu Klengbetten nach eng Kéier d'Stonnepläng kontrolléiert an déi lescht Detailer fir dat neit Schouljoer gekläert.
Zu Klengbetten sinn déi ënnescht Klasse vum Cycle 2 ënnerbruecht. Fir vill Kanner ass et domat e besonnesche Schoulufank: Si wiessele vun der Spillschoul an d'Primärschoul. Fir hinnen dësen Iwwergang méi einfach ze maachen, hunn d'Enseignanten e Méindeg de Mëtteg eng Pre-Rentrée organiséiert. D'Kanner konnten esou schonn hir nei Klass an hir Enseignante kenneléieren.
Och wann an de Schoulen elo nach déi lescht Stonne virun der Rentrée genotzt gi fir déi lescht kleng Preparatiounen, huet d'Organisatioun vum neie Schouljoer scho Méint virdrun ugefaangen. Stonnepläng, Verdeelung vun de Klassesäll an d'Organisatioun vum Schoulbetrib ginn zënter dem Fréijoer virbereet.