Bannent de leschte 4 JoerZuel un iwwergewiichtege Jugendlechen zu Lëtzebuerg quasi verduebelt

RTL Lëtzebuerg
Waren am Schouljoer 2018/19 nach eppes méi wéi 5 Prozent vu Lycéesschüler iwwergewiichteg, waren et zejoert schonn 12 Prozent.

Dës Zuele liwwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Bei Kanner tëscht 4 an 12 Joer, déi vum Schouldokter ënnersicht goufen, war et dogéint just eng Hausse vu 4,62 op 4,77 Prozent. Etüden an den USA an a Groussbritannien hunn erginn, dass den Taux vun der Fettleiwegkeet bei Kanner wärend der Pandemie zougeholl huet. Och eng allgemeng Etüd huet esou eng Tendenz confirméiert, deemno geet d’Ministesch dovun aus, dass dat och zu Lëtzebuerg de Fall ass. Déi néideg Donnéeën, fir dat ze beleeën, hätt een awer net.

En europawäite Sondage huet iwwerdeems erginn, dass 42 Prozent vun de Leit hei am Land (Erwuessener a Kanner zesummen) wärend der Pandemie manner Sport gemaach hunn, wéi virdrun. 13 Prozent hunn esouguer ganz domat opgehalen. Bal 30 Prozent vun de Leit hunn dogéint genau esou vill Sport gemaach wéi virdrun. An all Siwenten huet esouguer méi Sport gemaach, wéi virun der Pandemie.

Back to Top
CIM LOGO