
D'Zuel vun den Aarbechtsplaze bei de Salariéë klëmmt liicht. Am Verglach mam éischten Trimester ass et eng moderat Hausse vun 0,4 Prozent. Op ee Joer gekuckt ass et eng Hausse vun 1,6 Prozent.
Méi ausgepräägt war d'Hausse am ëffentlechen Déngscht an an den Administratiounen, wou et eng Progressioun vun 1,1 Prozent iwwert een Trimester gouf. Op ee Joer gesi läit een hei souguer bei 4,3 Prozent. Dem Statec no ass d'Hausse virun allem op Regierungsservicer an De Spidolssecteur zeréckzeféieren.
Am Bautesecteur war et dogéint eng Baisse vu -0,1 Prozent iwwert een Trimester.
Wat d'Grenzgänger ugeet, esou klëmmt d'Zuel vun de Frontaliere méi séier wéi déi vun de Residenten, déi am Land schaffen (+0,6 Prozent vis-à-vis vun 0,2 Prozent). Nodeems d'Zuel vun de Grenzgänger, déi aus Däitschland eriwwerkommen, an der lescht ëmmer nees erofgaangen ass, gouf et dëst Trimester nees eng ganz liicht Hausse vun 0,1 Prozent.
De Communiqué vum Statec fannt Dir hei.
