Aus dem CGDIS-BulletinZwee Blesséierter bei Accident zu Miersch

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS haten en Donneschdeg de Moie scho vill ze dinn. Am Ganze goufe fënnef Leit bei dräi Kollisiounen uechter d'Land blesséiert.
D'Streck laanscht d'Autobunnsopfaart zu Miersch nom Accident de 15. Januar 2026.
D’Streck laanscht d’Autobunnsopfaart zu Miersch nom Accident de 15. Januar 2026.
© RTL Mobile Reporter

Zu engem éischten Accident koum et deemno géint 7.35 Auer op der RN07 tëscht Miersch an dem Rouscht op der Héicht vun der Autobunnsopfaart. Hei waren zwee Autoen aneneegerannt. Zwee Leit goufen dobäi verwonnt a vun den Ambulanciere vum Zenter Nordstad an de Pompjeeë vu Miersch versuergt.

Kuerz no 8 Auer hat et iwwerdeem um CR266 tëscht Siren an Duelem tëscht zwee Autoe gerabbelt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Um Asaz waren d’Ambulanciere vum Findel an d’Pompjeeë vun Duelem.

Op der A6 bei Stengefort gouf et géint 9.45 Auer eng Kollisioun tëscht dräi Autoen, bei där zwee Leit verwonnt goufen. Hei waren d’Rettungsdéngschter vum Zenter Stengefort-Käerch an d’Ambulanciere vu Mamer am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO