PoliceZwee Brigangen no Abroch an Haus zu Ierseng gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie konnt d'Police zwee Abriecher zu Ierseng festhuelen, déi an een Eefamilljenhaus agebrach waren.
© RTL

Éischten Informatiounen no waren zwee onbekannten Täter e Sonndeg an de fréie Moiesstonnen an en Auto agebrach. Do hate si den Hausschlëssel geklaut, mat deem si dunn an d’Haus komm sinn. Ënner anerem hunn déi Onéierlech Suen a Bijouen agepaakt, ier si vun den Awunner iwwerrascht goufen a geflücht sinn.

No enger Sichaktioun konnt déi alarméiert Police déi zwee Verdächteg stellen. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl an hate schonn am Nomëtteg dee selwechten Dag Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO