
Sou zum Beispill um 18.19 an der Hollerecher Strooss am Garer Quartier an der Stad, wou zwee Autoen net laanschtenee komm sinn. Eng Persoun ass dobäi blesséiert ginn, d’Stater CGDIS-Ekippe waren am Asaz.
Kuerz no 20 Auer dann en Accident an der Lëtzebuerger Strooss zu Diddeleng: Eng Trottinette ass vun engem Auto ugestouss ginn, och dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d’Secouriste vun Diddeleng.