Police a Justiz zéien de BilanZwee Joer no der Cannabis-Regulariséierung

Céline Spithoven
Zënter 2023 ass de Cannabis-Konsum doheem erlaabt. Zwee Joer dono bleift d'Bilanz gemëscht. Tëscht Entlaaschtung, Onkloerheeten a perséinleche Risken.
© LittleIvan/ Envato

Zënter Juli 2023 dierfen Erwuessener doheem bis zu véier Cannabisplanzen ubauen, soulaang dës vum Som un opgezu goufen an och de Konsum an den eegene véier Wänn ass zënterhier erlaabt. Dat war ee vun de grousse Schrëtt vun der Reform, mat där d’Regierung d’Konsumenten entkriminaliséiere wollt.

Allgemeng Informatiounen iwwer Cannabis

De Justizministère hält fest: Et geet ëm eng Regulariséierung, net ëm eng voll Legaliséierung. Transport, Kaf a Verkaf bleiwen illegal. D’Reegelung soll d’Risike vum Schwaarzmaart reduzéieren, mee vill Leit interpretéiere se falsch. De Steve Goedert, Chef vum Service Preventioun a Verkéiersinstruktioun bei der Police, seet: “Beispill, ech hunn eng Party doheem, ech lueden elo sëllege Leit an, elo fänkt jidderee bei mir doheem un och ze consomméieren. Dat ass falsch. Dat ass net erlaabt. Dat heescht, just deen, deen do wunnt, däerf da consomméieren an déi aner natierlech dann an där Hisiicht net.” An och d’Konsequenze vum Konsum sinn net jidderengem bewosst.

Wat huet d’Regulariséierung vum Cannabis-Gesetz bruecht? En éischte Bilan.

Cannabis am Stroosseverkéier

Ee wichtege Punkt, dee vill ënnerschätzen: De Konsum doheem kann trotzdeem Problemer am Stroosseverkéier maachen. D’Police ënnerscheet zwou Situatiounen:

  • Fueren ënner aktuellem Rausch
  • Fueren, obwuel nach THC-Rester am Kierper sinn

THC steet fir Tetrahydrocannabinol an ass eng psychoaktiv Substanz, déi an Hanfplanze virkënnt an haaptsächlech fir d’Wierkung vu Cannabis verantwortlech ass.
An déi zweet Situatioun ass déi geféierlechst. THC bleift am Géigesaz zu Alkohol wesentlech méi laang am Kierper. De Steve Goedert warnt: “THC bleift dräi bis véier Wochen am Kierper. Dat kann e Konsum vum Weekend sinn, an da mëttwochs geschitt en Accident. Et steet een net méi ënner Rausch, mee et ass een nach ëmmer positiv op eng illegal Substanz. Dat kann de Führerschäin kaschten an en Impakt op de Protokoll an d’Decisioun vum Geriicht hunn.
Deemno wéi d’Ëmstänn vum Accident sinn, kann eng Analys vum Blutt an Urin gemaach ginn. An dee Moment, wou THC fonnt gëtt, spillt de legale Konsum doheem kee Roll méi. Well privat ugebaut Planze ganz ënnerschiddlech THC-Gehalter hunn, ass eng präzis Analys nämlech schwéier. “Et ass net wéi beim Alkohol, wou ee weess, wéi vill pro Stonn ofgebaut gëtt.” Déi juristesch Responsabilitéit vum Chauffer ass domat däitlech méi héich. D’Reegelung doheem ännert also näischt un der Nulltoleranz um Steier.

Kloer Gesetzer, Kontroll awer schwiereg

An der Theorie ass de privaten Ubau streng gereegelt. Et dierfe maximal véier Planze pro Stot gehale ginn. De Som muss selwer kaf ginn an d’Etikett an d’Rechnung soll een halen, fir virweisen ze kënnen, wou een dësen hierhuet. D’Planzen dierfen net vun der Strooss aus ze gesi sinn an och Mannerjäreger dierfe keen Zougrëff dozou hunn, och wann dës am selwechte Stot liewen. Genee sou ass de Konsum viru Mannerjäreger net erlaabt.
Mä an der Praxis gëtt et kee Register a keng aktiv Kontroll. De Steve Goedert vun der Police erkläert: “Et gi keng Zuelen, wie wéi vill ugeplanzt huet an och net, ob dat am reglementéierte Kader geschitt. Och wéi a wou consomméiert gëtt, ass doheem schwéier nozevollzéien.”
Virun de Changementer war dat nach méi einfach, well zum Beispill Nopere sech wéinst dem Geroch beschwéiert hunn. Haut gesäit d’Police Verstéiss haaptsächlech zoufälleg, zum Beispill am Kader vun enger aner Interventioun.

Schwaarzmaart bleift a verännert sech

Ee vun de grousse politeschen Ziler war, de Schwaarzmaart ze schwächen. Zwee Joer dono ass däitlech: E besteet ëmmer nach. “Mir begéinen op der Strooss ëmmer nach de selwechten Dealer. Déi sinn elo net einfach gaangen”, sou d’Police.
Net jiddereen hätt e gréngen Daum, fir doheem Planzen ze halen. Dëst wier dozou och nach Käschtenintensiv, well se vill Waasser an Hëtzt brauchen an et misst ee sech dann nach gedëllegen, bis d’Planze “Friichten droen”.

© Duramax PVC Panels/ Pixabay

Een dee reegelméisseg consomméiert, misst dann awer nach um Schwaarzmaart kafen a sech domat strofbar maachen. A beim Suchtberodungsservice Impuls gesäit een esouguer eng nei Dynamik, seet d’Nora Vitali: “Mir hate scho Jugendlecher, déi et vun doheem geholl hunn. D’Elteren haten Planzen an d’Kanner hunn et an der Schoul verkaaft. De Schwaarzmaart verschwënnt net – et kënnt éischter eng nei Zort Dealer dobäi.” Dëst “Privat-Dealen” wier eng Konsequenz dovunner, dass de Produit elo a private Stéit ugebaut gëtt an domat fir Jonker méi accessibel wier.

Konsum bleift héich, besonnesch bei Jonken

D’Donnéeë vum National Drug Report 2025 weisen, dass trotz preventive Moossnamen ëmmer nach vill Cannabis consomméiert gëtt. D’Zuele goufen am Joer 2023 respektiv 2024 erhuewen. Et kann een also nach kee Verglach maachen, wéi de Konsum sech mat der Reglementéierung verännert huet. An awer:

  • 70,4 Prozent vun de Befroten hunn 2024 uginn, am leschte Joer Cannabis consomméiert ze hunn.
  • Bal 60 Prozent haten den Ament an de leschten 30 Deeg consomméiert.
  • 15 Prozent vun de Jonken tëscht 15 an 18 Joer hunn uginn, déi lescht 30 Deeg Cannabis consomméiert ze hunn.
  • Lëtzebuerg läit a Wastewater-Miessungen op der fënnefter Plaz vu 17 Länner. Domat si Miessunge vu Cannabis-Iwwerrechter am Ofwaasser gemengt. Cannabis léist sech nämlech am Urin noweisen.

Et gesäit een also, dass Cannabis keng onbekannten Drog zu Lëtzebuerg ass an och bei de Jugendleche beléift ass. Beim Impuls, e Service fir Suchtberodung, deen och vill mat Jonke schafft, déi duerch hire Konsum scho beim Geriicht opfällegt goufen, huet ee gemierkt, dass dëst Joer manner nei Jonker bäikoumen, dat misst een awer richteg interpretéieren, sou d’Nora Vitali: “De Parquet schéckt ëmmer nach vill Jonker bei eis, déi ënnert anerem Problemer mat Cannabis hunn. Wat opfält ass awer, dass manner Jonker duerch d’Elteren oder Léierpersonal bei den Impuls kommen. Déi Zuele ware soss méi héich wéi lo.” Et wier ee besuergt. Och wann de Konsum net explodéiert wier, hätt een d’Gefill, dass d’Gesellschaft méi tolerant an de Cannabis banaliséiert géif ginn. “Nom Motto: Et ass jo erlaabt a reglementéiert, da kann et net esou schlëmm sinn”, sou d’Nora Vitali, “dobäi war an ass et fir Mannerjäreger net legal.” Et géif ee befierchten, dass Cannabis iergendwann als esou banaliséiert géif gi wéi Alkohol. Eng “legal” Drog, déi einfach zu der Jugend an enger gudder Party dozougehéiert. Dobäi si souwuel Alkohol wéi och Cannabis net ze ënnerschätzen, besonnesch bei Jonken, deenen hiert Gehier nach net vollstänneg entwéckelt ass.
An dat ass net den eenzege Problem.

© AFP

THC-Gehalt klëmmt

Den THC-Gehalt am saiséierte Cannabis war 2024 sou héich war nach ni. Am Kraut huet ee ronn 16,4 Prozent THC fonnt, am Haarz 33,5 Prozent a bei Hash-Ueleg konnt ee souguer en THC-Gehalt vun 88,7 Prozent feststellen. Dës héich Dose kënne besonnesch bei jonke Konsumenten d’Niewewierkunge vu Cannabis verschäerfen. An dobäi kënnt, dass d’Police ebe keng Kontroll a keen Iwwerbléck huet iwwer d’Planzen, déi am private Stot gehale ginn.

D’Regulariséierung, déi ënnert anerem de But hat, geleeëntlech Konsumenten ze entkriminaliséieren an ze verhënneren, dass dës um Schwaarzmaart gestreckten oder manipuléierte Cannabis kafen, schéngt allgemeng méi Problematike matsechbruecht ze hunn, wann een d’Observatioune vun der Police an dem Service Impuls iwwer déi lescht zwee Joer betruecht. Ma et wier awer net alles schlecht.

Entlaaschtung vu Police a Justiz

A puncto Aarbechtsopwand fält d’Bilanz vun der Regulariséierung awer positiv aus. Zënterhier kann d’Police um Terrain méi repressiv virgoen. Besëtz an Transport vu Cannabis a klenge Quantitéite wéi och de Konsum am ëffentleche Raum ka vun der Police direkt op der Plaz gereegelt ginn mat engem Avertissement Taxé vun 145 Euro. Domat ass d’Saach da gehalen an de Concernéierte gëtt domat net direkt als “Kriminellen” ofgestempelt. “D’Police kann op der Plaz direkt feststellen a Riichter sinn, et muss een de Beschëllegten net direkt mat op de Büro huelen, eng Ausso ophuelen an dat ganzt un de Parquet weiderginn, deen dat dann traitéiere muss. Domat fält vill Aarbecht fort an d’Police ka sech op aner Fäll konzentréieren”, erkläert de Steve Geodert, Chef vum Service Preventioun a Verkéiersinstruktioun Zentrum. Et kéim domat zu enger grousser Entlaaschtung vu Police a Justiz.
Avertissements Taxés wéinst Konsum an der Ëffentlechkeet:

  • 2024 - 55 Stéck
  • 2025 (Stand Oktober) - 48 Stéck

Avertissements Taxés wéinst Transport/Besëtz bis zu 3 Gramm:

  • 2024 - 278 Stéck
  • 2025 (Stand Oktober) - 313 Stéck

Dës nei Gesetzgebung huet iwwer déi lescht zwee Joer also ronn 100.000 Euro an d’Staatskeess bruecht. An et si bal 700 Dossiere manner, déi hu misse vum Parquet traitéiert ginn. Dat heescht awer net, dass all Infraktioun an Zesummenhang mat Cannabis mat Avertissement Taxéeë gehandhaabt gëtt. Wie gréisser Quantitéiten transportéiert, verkeeft oder a Kontakt mat Jugendleche setzt, riskéiert héich Geldstrofe wéi och eng Prisongsstrof.

© Police Lëtzebuerg

“Hëlleft de Jonken, soulaang se nach am Ufank sinn”

Souwuel d’Police wéi och de Service Impuls si sech eens, dass fréi Opklärung dat wichtegst Mëttel ass, fir Jonker viru riskantem Konsum ze schützen. Besonnesch well Cannabis duerch d’Regulariséierung fir vill Jugendlecher “méi normal” wierkt, wier et wichteg, dass Elteren an Educateuren net waarden, bis et schonn zu engem reegelméissege Gebrauch kënnt. Beim Suchtberodungsservice Impuls gesäit een dacks, wat geschitt, wann d’Reaktioun ze spéit kënnt. D’Nora Vitali seet: “Net waarden, bis de Jonke scho reegelméisseg consomméiert. Et geet drëms, fréi ze reagéieren.

E reegelméissege Konsument erzielt vu senger Erfarung mat Cannabis

Och d’Police ënnersträicht d’Wichtegkeet vun enger gudder Informatioun a Präventioun. Fir de Steve Goedert ass et entscheedend, dass Jonker genee wëssen, wat erlaabt ass a wéi eng Riske Cannabis mat sech bréngt, och wann et doheem ab engem gewëssen Alter legal ass. Béid Institutiounen zéien déi selwecht Conclusioun: Eng gutt opgekläerte Jugend trëfft méi sécher Entscheedungen, an déi, déi fréizäiteg Hëllef kréien, hunn eng vill méi grouss Chance, net an e problematescht Konsummuster eranzekommen. Dofir vun hirer Säit och den Opruff un Elteren a Léierpersonal: Dir ditt dem Kand e Gefalen domat, et op de Konsum unzeschwätzen an e Service wéi Impuls opzesichen. Et sollt net als Bestrofung gesi ginn, mä als e Schratt, dem Kand wëllen ze hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO