
E Mëttwoch am Nomëtteg krut d'Police zwee Männer gemellt, déi alkoholiséiert an der Urgence vun engem Stater Spidol randaléiere géifen. De Beamte géigeniwwer hu sech déi zwee net berouege gelooss an hunn net kooperéiert, wouropshi se an eng Ausniichterungszell bruecht goufen.
An der Nuecht op en Donneschdeg dann en Iwwerfall an der Rue Dominique Lang zu Diddeleng. E Mann krut vun dräi Täter den Handy aus der Jackettstäsch geklaut. D'Déif konnte bis ewell net fonnt ginn, d'Enquête ass amgaangen.