
Béid Chaufferen hate gedronk a sech hanner d’Steier vun hirem Auto gesat.
E Sonndeg de Moie fréi gouf eng Policepatrull op der Héicht vun der Rue Mil Neuf Cents am Garer Quartier op en Automobilist opmierksam, dee mat héijer Vitess an am Zickzack ënnerwee war. Hie konnt kuerz drop gestoppt ginn. Bei der Kontroll hunn d’Beamten net just en Alkoholgeroch festgestallt, de Mann hat och kee valabele Permis. En Alkoholtest war dann och positiv, en Drogentest op der Plaz souwéi eng Blutt- an Waasserprouf huet de Chauffer dunn awer refuséiert. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet. Op Uerder vum Parquet gouf et dann nach e Protokoll dobäi an den Auto gouf séchergestallt.
An der Nuecht op e Méindeg koum et zu Diddeleng zu engem Accident tëscht zwee Gefierer op der Héicht vun der Place de l’Hôtel. Kengem ass eppes geschitt, ma bei engem Automobilist war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.