
Méi genee konnt d’Sektioun Anti-Blanchiment vun der Police ee presuméierte “Money Mule” de 5. November an ee weideren den 10. November stellen. Gesicht goufen déi zwee Verdächteg ënnert anerem wéinst Blanchiment. Si sollen hir Bankkonten a Visa-Kaarten zur Verfügung gestallt hunn, fir datt Onéierlecher d’Sue vun anere Bedruchsfäll ofhiewe konnten. De Schued soll bei ronn 20.000 Euro respektiv 31.000 Euro leien.
D’Police erënnert an deem Kontext dorun, datt et strofrechtlech verfollegt ka ginn, wann ee säin eegene Kont oder seng Bankkaart zur Verfügung stellt, fir datt anerer Suen, déi si duerch Arnaquë kruten, weiderleede kënnen. Dëst fält zu Lëtzebuerg ënner Blanchiment.
D’Police réit dowéinst:
RTL-News (7.11.25): Police warnt: Onéierlecher gi sech nees als Luxtrust- oder Bank-Mataarbechter aus
RTL-News (2.10.25): Cyberkriminalitéit um Geriicht: “Money Mule” oder selwer Affer vu Kriminalitéit?
RTL-News (25.11.24): Arnaquë gi méi affrontéiert: Wann Onéierlecher mat Detailer kommen, déi bal keen Zoufall méi kënne sinn