"Money Mule" oder selwer Affer vu Kriminalitéit?

Wien ass Affer a wien de Co-Auteur vun enger Fraude? Ëm déi Fro goung et e Mëttwoch de Moien a méi Prozesser um Stater Geriicht.
Leasingsauto net bezuelt oder Carte d'identité verluer?
E Mann war ugeklot, mat gefälschten Dokumenter e Kontrakt fir e Leasingsauto ënnerschriwwen ze hunn. En Auto, deen net méi bezuelt gouf.
Ma viru Geriicht huet hie geschwuer, näischt mat der Saach ze dinn ze hunn. Zwar hat d’Leasingsfirma nieft gefälschten Dokumenter iwwert Emploi an Akommes eng Kopie vu senger Carte d’identité beim Kontrakt. Ma déi hätt hie verluer. Et wieren deemno aner Onéierlecher, déi seng Identitéit geklaut hätten, fir un den Auto am Wäert vu 50.000 Euro ze kommen.
Säin Affekot huet dem Parquet virgeworf, datt keng richteg Enquête gemaach gi wär. D’Police hat weder säi Client gehéiert, nach hat se bei der Leasingsfirma nogefrot, wien dann do mat der Persoun ze dinn hat, déi sech als säi Client ausginn hat. Ma wëll den Ugekloten och keng Beweiser geliwwert huet, datt hien zum Beispill eng Declaration de Perte fir seng Carte d’Identité gemaach hat, gouf d’Affäre Sine Die ausgesat.
"Money Mule": Affer an Täter an engem
En anere jonke Mann, deen extra aus der Belsch fir säi Prozess ugereest ass, war als "Money Mule" an engem Phishing-Prozess ugeklot. D’Suen, déi engem Lëtzebuerger Resident iwwert eng Phishing-SMS 2022 geklaut gi waren, waren op säi Kont iwwerwise ginn. Ma de jonke Mann huet sech verdeedegt. En ale Bekannten aus der Côte d’Ivoire hat hien ëm Hëllef gefrot, well seng Mamm krank wier an operéiert misst ginn. Deem hätt hien 1.000 Euro geléint. Dëst ware seng Sue fir d'Vakanz. Wéi de Bekannten no Méint d’Suen zréckbezuelt huet, sot dësen, hie kéint net op dem Ugeklote säi belsche Konnt iwwerweisen an huet e gefrot, e Kont bei enger Online-Bank opzemaachen. Dohi goufen du 5.000 Euro iwwerwisen – vum Lëtzebuerger Phishing-Affer sengem Kont. Dovu sollt den Ugeklote kënnen 1.500 Euro halen: 1000 Euro Remboursement a 500 Euro "Zënsen". Hie sollt 2.500 un den ale Bekannten iwwerweisen an 1.000 Euro un en Drëtten, deen de jonke Mann och net kannt huet.
Firwat war dat esou komplizéiert, fir en einfache Remboursement ze maachen, huet d’Riichterin den Ugeklote gefrot? Ob en do net gemierkt hätt, datt eppes net géing stëmmen? Ma och dofir hat säi Bekannten an der Côte d’Ivoire eng Geschicht parat, déi den Ugekloten anscheinend net a Fro gestallt huet.
Dat et esou war, dat huet de Vertrieder vum Parquet dem Ugeklote gegleeft. Hie géif e ganz éierlechen a sincèren Androck maachen a sengen Aussoen. Datt hien extra vu Bréissel ugereest wier, fir sech sengem Prozess ze stellen, dat hätt ee sech esou net erwaart. Ma trotzdeem huet hie sechs Méint Prisong mat Sursis gefuerdert an eng Confiscatioun vu Valeuren am Wäert vu 5.000 Euro, fir d’Victime kënnen ze rembourséieren.
Déi Phishing-Fraude wiere vun ultra-professionelle Reseauen orchestréiert, déi ronderëm d’Welt géife sëtzen. Ma d'Money Mules, déi hir Konte fir frauduléis Iwwerweisungen zur Verfügung stellen, wieren "indispensabel", fir datt d’Piraterie funktionéiert. Déi Professionell bräichte Reseaue vu Fräiwëllegen, déi fir si de Kapp dohin halen. Den Ugekloten sollt emol e Wuert mat sengem ale Bekannten aus der Côte d'Ivoire schwätzen, fir him ze soen, datt hie wéinst deem senger viru Geriicht stéing.
No Arnaque 20.000 Euro vum Compte ofgebucht
An engem drëtte Prozess war just déi leséiert Partie civile komm, dräi vu véier Ugekloten hunn net op hir Convocatioun reagéiert. Dee véierte jonke Mann, och hien e belsche Resident, huet sech entschëllege gelooss, well en dëser Deeg Papp gëtt.
D’Victime huet erzielt, wéi se d’lescht Joer am August en Appell vun engem Mann krut, dee sech als hire Bankier ausginn huet. Dee sot, en hätt eng potenziell Fraude op hirem Kont detektéiert. An der Panik huet si him all hir Bankinformatiounen an -accèsen ginn. An ass e puer Deeg méi spéit Plainte maache gaangen, well si no un 20.000 Euro ofgebucht kritt hat.
Och hei goungen d’Suen iwwert Konte bei Internetbanke geklaut. Dacks genuch wier et esou, datt déi Konten op Basis vu gefälschte Pabeiere géifen opgemaach ginn, mat kënschtlecher Intelligenz hiergestallten Deep Fakes, déi net kontrolléiert géifen, esou de Vertrieder vum Parquet. Ma hei wieren et tatsächlech véier richteg Persounen. Fir déi dräi, déi sech net gemellt haten, huet de Parquet 12 Méint Prisong gefrot eng Confiscatioun vu Valeuren, fir d’Affer ze entschiedegen. Dem jonke Papp säin Dossier gouf aus der Affär erausgeléist, bis hie sech ka presentéiere kommen.