Aus dem Police-BulletinZwee Verdächteger no Iwwerfall mat Messer an Déifstall vun Auto festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Am Police-Bulletin mellt d'Police d'Festname vun am Ganze fënnef Leit. Dat ënnert anerem am Kader vun engem Bedruch, engem Autodéifstall a wéinst dem Deale mat Drogen.
Symbolbild vun engem Iwwerfall bei engem Auto
Symbolbild vun engem Iwwerfall bei engem Auto
© Envato / PerfectAngleImages

Iwwerfall mat Messer, fir Auto ze klauen

Wéi d’Police mellt, war hinnen an der Nuecht op e Sonndeg en Iwwerfall an der Uewerstad gemellt ginn. Deemno war d’Affer vu Bekannte mat engem Messer blesséiert ginn, wéi dës him den Autosschlëssel ewechgeholl hunn, fir säin Auto ze klauen. Wärend d’Affer fir eng Behandlung an d’Spidol koum, konnten d’Beamten dräi Verdächteger pëtzen. Och den Auto konnt fonnt ginn a gouf dem Besëtzer zréck ginn. Zwee vun den dräi Verdächtege goufen op Uerder vum Parquet festgeholl an haten nach e Sonndeg am Nomëtteg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

“Money Mule” festgeholl

Eng aner Persoun hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. Dat nodeems dës e Samschdeg am Kader vun enger Bedruchsmasch als “Money Mule” festgeholl gi war.

Drogendealer zu Esch gepëtzt

Zu Esch op der Place de la Résistance waren der Police iwwerdeem e Sonndeg am Nomëtteg zwee presuméiert Drogendealer gemellt ginn. Op der Plaz konnten d’Beamten déi Verdächteg untreffen, déi Drogen, Boergeld an e puer Handye bei sech haten. Donieft gouf bei enger Poubelle eng Plastikstut mat Drogen um Buedem fonnt. Och eng Perquisitioun bei engem vun de presuméierten Drogendealer war positiv verlaf. Hei konnte weider Drogen, souwéi eng Wo a Boergeld saiséiert ginn. Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl a koumen e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO