
Den Zentrum vum Äischen ass den Ament fir den Trafic gespaart, no den zwee Verdächtege gëtt gesicht. Et ass dowéinst och den Opruff vun der Police, am Raum Stengefort an an der Groussregioun kee mam Auto matzehuelen. D'Täter sinn éischten Informatiounen no op Scooteren, respektiv Motorrieder an däischterer Faarf ënnerwee. Verdächteg Persoune sollen direkt dem 113 gemellt ginn.
