
Wéi d'Beamte bis op der Plaz waren, konnte si véier vun de Männer stellen, déi un der Kläpperei bedeelegt waren. Eng Persoun war liicht um Kapp blesséiert ginn, esou datt si fir eng weider Kontroll an d'Spidol ageliwwert gouf. Kuerz Zäit drop konnten op der Héicht vum Busarrêt an der Avenue Monterey zwee weider Männer gestallt ginn, déi sech duerch d'Bascht gemaach haten.
Alle fënnef haten däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen, heescht et am Policebulletin. Si koumen an de Passagearrest, well si déi ëffentlech Rou gestéiert haten an eng Gefor fir sech an anerer waren.
Eng weider Kläpp gouf et géint 14:40 Auer an der Rue du Herrenberg zu Dikrech, wou sech zwee Männer an d'Hoer kritt haten. D'Beamte konnten déi zwee stellen, déi sech éischten Erkenntnisser no géigesäiteg ugegraff haten, nodeems si an ee verbale Sträit gerode waren. Nodeems d'Beamten do waren, hat sech ee vun hinnen ëmmer méi onkooperativ gewisen.
Op der Stater Gare gouf et e Sonndeg den Owend dann och nach eng Kläpperei tëscht néng Persounen, an där, wéi et schéngt, och ee Messer an den Asaz koum. Ee Mann hat eng kleng Schnëttverletzung um Fanger. De Mann war, éischten Erkenntnisser no, vun enger anerer Persoun mat engem Messer ugegraff ginn. D'Police huet eng Sich an d'Weeër geleet a konnt ee Verdächtege fannen, op deen d'Beschreiwung gepasst huet. Och hien hat eng gréisser Schnëttverletzung um Fanger. Hie gouf op der Plaz éischtversuergt a koum duerno an d'Spidol. Et gouf ee Protokoll erstallt an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
E Sonndeg den Owend gouf et am Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck ee weideren Tëschefall. Een alkoholiséierte Mann hat an der Urgence aner Patiente belästegt a sech geweigert, d'Spidol ze verloossen.