
Zanter e Freideg sinn zu London bei enger Ausstellung 1.400 Objete vum verstuerwene Freddie Mercury ze gesinn. D’Expo, déi ee Mount laang dauert, gouf vum Auktiounshaus Sotheby’s organiséiert. Duerno kommen d’Objeten dann ënnert den Hummer.
Nom Doud vum Mercury am Joer 1991 waren déi vun him am Haus zu London gesammelt Objete joerzéngtelaang net beréiert ginn. D’Mary Austin huet déi 1.400 Stécker elo fir d’Stee fräiginn. Si war eng vun den enkste Frëndinne vum Mercury, déi hien a sengem Haus versuergt huet. Een Deel vum Erléis soll gespent ginn.
Déi riseg Sammlung soll bei 6 Steeën ënnert den Hummer kommen. Sotheby’s rechent mat engem Erléis vun op d’mannst 6 Millioune Pond (knapp siwe Milliounen Euro).
Versteet gëtt ënnert anerem dem Mercury säi legendäre “Kinneksmantel” aus roudem Samett a Konschtpelz. Och e bis ewell onbekannten Textentworf fir de Queen-Hit “We Are The Champions” gëtt versteet. Awer och méi profan Saache wéi e Kichendësch sichen een neie Besëtzer.