Honnerte Gefierer involvéiert1 Doudesaffer bei Massekarambolage a China

RTL Lëtzebuerg
Op enger Autobunn an der Géigend vun Zhengzhou an Zentral-China ass et e Mëttwoch wéinst Niwwel zu enger Massekarambolage komm.
© AFP/STR

Wéi déi staatlech chinesesch Tëleeschaîne CCTV mellt, wieren op d’mannt 200 Gefierer aneneegerannt. Eng Persoun ass hei ëm d’Liewe komm.

Massekarambolage a China
Honnerte Gefierer ware bei Niwwel aneneegerannt.

A China kënnt et wéinst mangelnde Sécherheetskontrollen ëmmer nees zu Verkéiersaccidenter mat Doudesaffer. Eréischt am September ware 27 Mënschen ëm d’Liewe komm, wéi e Bus sech iwwerschloen hat.

Back to Top
CIM LOGO