
Den Elon Musk mécht sech keng Frënn bei Ryanair. Nodeems d’Airline annoncéiert hat, hir Fligeren net wëlle mam Satellitten-Internet Starlink z’ekipéieren, hat den Elon Musk op X eng Ëmfro lancéiert, ob hien net einfach Ryanair soll kafen. D’Majoritéit vun de méi wéi 900.000 Usere war dofir. Allerdéngs ass de Kaf fir den US-Amerikaner no EU-Recht guer net méiglech. Nëmmen Europäer dierfe Majoritéiten u Fluchgesellschaften an der EU halen.
D’Airline huet op dem Musk seng Annonce reagéiert an déi sougenannte “Great Idiots"-Sonneraktioun gestart, “speziell fir den Elon an all aner Idioten op X”. Dobäi ginn 100.000 Ticketen à 16.99 Euro an d’Vente. “Elo buchen, éiert den Elon ee kritt”, gëtt vun Ryanair geroden.
De Ryanair-Chef Michael O’Leary huet iwwerdeems ugekënnegt, hie wéilt den Elon Musk e Mëttwoch op enger Pressekonferenz “auserneen huelen”. Dëse wéisst iwwer Besëtz-Strukture bei Fluchgesellschaften nach manner wéi iwwer d’Aerodynamik vu Fligeren”.
Affair à suivre deemno...