Un 165 Owender hunn d’Fabienne Zwally, den Olivier Catani oder de Raoul Roos Iech dëst Joer pünktlech um 19 Auer an enger neier Emissioun vum Magazin begréisst. 165 Mol, wou mir iech déi ënnerschiddlechst Themen a Geschichten aus Lëtzebuerg virgestallt hunn.
Mol ee lëschtege Selbstversuch wéi et ass, een Dag als Bréifdréier ze schaffen an eiser Serie “Een Dag am Liewe vun”. Eng aner Kéier eng kleng Geschicht, déi awer déif beréiert, wéi de Reportage iwwert d’Bomche vun Ettelbréck. Oder awer ee groussen Dossier ronderëm eng seriö Thematik, wéi eis Sendung ronderëm d’Inclusioun an der Schoul am Juli vun dësem Joer. De Magazin huet vill Gesichter an ass eng fest Plaz fir déi vill Geschichten aus Lëtzebuerg.

A mir hu probéiert dat mat der Kamera festzehalen an esou all Dag ee Stéck Lëtzebuerg bei iech heem an d’Stuff ze bréngen.