
Wéi d’Police vu Köln matgedeelt huet, wier de Mann schonn e Mëttwoch festgeholl ginn. Hien hätt schonn en Dënschdeg den Noutruff alarméiert an de Secouriste gesot, dass seng Duechter gefall wier. Bei der geriichtsmedezinescher Untersuchung hat sech allerdéngs erausgestallt, dass d’Kand Blessuren um Gehier hat, déi net vun enger Chute stame kéinten.
D’Police ermëttelt an dëser Affär elo wéinst Mord.