De Bedreiwer vun enger Sushi-Restaurantschaîne huet den 243 Kilo schwéieren Thon e Méindeg de Moie fir ëmgerechent 2,8 Milliounen Euro op der traditioneller Neijoerschauktioun gesteet. De Präis entsprécht ronn 11,413 Euro de Kilogramm. U sech hat de Proprietär vu Kiyomura Corp., dee sech selwer den “Thon-King” nennt, mat manner gerechent, ma de Präis wier esou séier an d’Luucht gaangen, do wier keng Zäit gewiescht, laang ze zécken.
Mat där Zomm huet dëse Fësch de Rekord aus dem Joer 2019 mat 334 Millioune Yen (ëmgerechent ronn 1,8 Milliounen Euro) däitlech iwwertraff. Gefaange gouf e virun der Küst vun Oma am Norde vu Japan. Et handelt sech ëm eng Regioun, déi als Heemecht fir besonnesch héichwäertegen Thon gëllt. Um Fëschmaart Toyosu ginn all Dag Honnerten Thone verkaaft, ma fir d’Fësch aus där Regioun leien d’Präisser generell iwwert dem normalen Niveau, besonnesch awer op der Neijoerschauktioun.
Bei der éischter Auktioun vum Joer geet et manner ëm d’Qualitéit, mä éischter ëm ee bestëmmte Brauch. Den éischten Thon vum Joer soll nämlech Gléck bréngen an dat heescht, dass deen Thon och besonnesch vill Clienten an de Restaurant zitt.
Néirens gëtt esou vill Blo-Flossen-Thon giess wéi a Japan. Dëse Fësch gëtt wäit iwwer 200 Zentimeter grouss an iwwer 450 Kilogramm schwéier. De bis ewell gréissten Exemplaire gouf 1986 an de Gewässer vu Kyushu, déi südwestlechst vun de japaneschen Haaptinselen, gefëscht. En hat eng Längt vu ronn 3 Meter an e Gewiicht vu 555 Kilogramm.