Eurostat2022 goufen an der EU 3,2 Milliarde Liter Glace produzéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat si 5 Prozent méi wéi nach dat Joer virdrun. Haaptproduzente sinn Däitschland, Frankräich an Italien.

Dat geet aus enger rezenter Publikatioun vum europäesche Statistiksbüro Eurostat ervir. Déi bëllegst Glace gëtt iwwerdeems an Däitschland produzéiert, mat 1,5 Euro de Liter. Déi deierst Glace gëtt an Éisträich gemaach, mat engem Duerchschnëttspräis vu 7 Euro de Liter.

Zejoert goufen 250 Millioune Kilo europäesch Glace baussent d’EU exportéiert. Dat fir ronn 930 Milliounen Euro. An deene meeschte Fäll kënnt dës aus Frankräich. D’Importer vu Glace an d’EU sinn zejoert ëm 14 Prozent agebrach.

Rapport vun Eurostat

Back to Top
CIM LOGO