Kanner, Kamellen, Konfetti 30 Joer Kannerkavalkad zu Keel

Christophe Hochard
Eng Abberzuel jonk Gecke sinn um Sonndeg am Nomëtteg mam Cortège duerch d'Stroosse vu Keel gezunn.

De Christophe Hochard war fir RTL op der Plaz.

Op engem Parcours vu ronn 3 Kilometer waren an de Stroosse vun der Südgemeng eng 700 Leit ënnerwee. Vill Gruppen aus Lëtzebuerg awer och aus dem Ausland waren dobäi. Nieft Frankräich ënner anerem och e Grupp vu Köln - Hürth.

30 Joer Kannerkavalkad zu Keel
Eng Abberzuel jonk Gecke sinn um Sonndeg am Nomëtteg mam Cortège duerch d’Stroosse vu Keel gezunn.

Zegdausende vu Leit, jonk an al, Famillje mat Kanner stounge laanscht d’Stroossen an hunn dem Spektakel mat vill Begeeschterung nogekuckt. Tonne Kamellen a grad souvill Konfetti goufen ënnert d’Leit verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO