
Am Kader vum Ukrain-Krich klamme weltwäit d’Energiepräisser. An Däitschland, dat vu Gasliwwerungen aus Russland besonnesch ofhängeg ass, klamme bei ville Leit d’Suerge virum nächste Wanter. Stéit, déi mat Gas hëtzen, sichen no Alternativen. Mä wat am éischten Ablack no enger Léisung ausgesäit, kéint d’Leit awer deier ze stoe kommen.
Enger Ëmfro vum däitsche Vergläichsportal Verivox no iwwerleeë ronn 30 Prozent vun de Stéit, sech eng elektresch Heizung zouzeleeën. “Heizlüfter”, “Heizstrahler” an Heizungen, déi een an d’Prise stieche kann, sinn elo scho staark gefrot. Eng 10 Prozent vun de Stéit si schonn aktiv derbäi, sech mat dësen Apparater op de kommende Wanter ze preparéieren.
An der Verivox-Ëmfro goufen eng 1.000 Leit online befrot. Just ronn 35 Prozent vun de Leit ginn allerdéngs dervun aus, datt eng Stroumheizung si e gutt Stéck méi deier kéint gi wéi hir normal Heizungen. Tatsächlech ginn d’Käschte fir Stroumheizungen dacks ënnerschat. Verbraucherschützer warne schonn zanter enger Zäit virun elektreschen Heizungen - dëst géifen d’Energierechnung massiv an d’Luucht dreiwen a géifen ënnert dem Stréch warscheinlech just nach méi deier ginn.
Nieft béisen Iwwerraschunge bei der Stroumrechnung geet vun elektreschen Heizungen nach eng weider Gefor aus. Géifen där am Wanter ze vill gläichzäiteg um Netz hänken, kéint d’Stroumnetz iwwerlaascht ginn an de Stroum doduerch komplett ausfalen. Mobil elektresch Heizunge wiere Verivox no dowéinst just dozou gutt, fir eenzel Raim kuerz waarm ze maachen - op kee Fall awer fir déi ganz Wunneng.