Nordrhein-Westfalen50 Chrëschtbeem viru Kierch zu Schwerte geklaut

RTL Lëtzebuerg
Onbekannter hunn an der Nuecht op e Samschdeg heemlech 50 Chrëschtbeemercher op ee Coup geklaut.
© AFP Archivbild

Virum Terrain vun enger Kierch sinn d’Beem verschwonnen, wéi d’Police zu Unna e Méindeg matgedeelt huet. D’Nordmann-Dänne waren do gelagert, a sollten a sech fir de gudden Zweck verkaf ginn.

D’Täter mussen d’Chrëschtbeem mat engem Gefier fortbruecht hunn. D’Police sicht no Zeien.

Back to Top
CIM LOGO