Hielefuerscherin a Spuenien500 Deeg a kompletter Isolatioun

RTL Lëtzebuerg
Annerhalleft Joer huet d'Beatriz Flamini an enger Hiel gelieft - um Freideg ass se nees opgedaucht.
© AFP

Wat fir een Experiment: Eng spuenesch Fuerscherin huet 500 Deeg a 70 Meter Déift ouni Kontakt zur Aussewelt an enger Hiel an der südspuenescher Provënz Granada gelieft.

E Freideg ass si mat engem Sonnebrëll an engem Helm erauskomm an dem dréngende Wonsch no enger Dusch. An engem kuerze Statement huet si hir Erfarung als “ausgezeechent” bezeechent.

500 Deeg an Isolatioun. Wat mécht dat mat engem Mënsch? Den Interessi dorunner ass grouss, souwuel ëffentlech wéi och wëssenschaftlech. D’Zäit an der Hiel war een Experiment vun der Hielefuerscherin.

Wëssenschaftler wollten domadder d’Auswierkunge vun der kompletter Isolatioun ënnersichen an ënnert anerem ermëttelen, ob dës zu neuropsychologeschen a kognitive Verännerunge gefouert huet. Fuerscher vu verschiddenen Disziplinne vun der Universitéit Granada an Almeria hunn de Projet “Timecave” geleet a begleet. Si hunn och alles op Video festgehalen.

D’Experiment war am November 2021 gestart. Der Fuerscherin Flamini no, déi antëscht 50 Joer al ass, hat si zanterhier guer kee Kontakt zur Aussewelt. Si hat keng Auer a keen Telefon dobäi. Si hat wuel ee Laptop, ma konnt domadder just Informatiounen no bausse ginn - an net empfänken. D’Hiel, an där si gelieft huet, huet eng Héicht vu ronn zwielef Meter. Liewensmëttel, Batterien an aner Geräter goufen hir vu Membere vum Projet bruecht.

De spuenesche Fuerscher no huet d’Flamini och de Weltrekord vun der Italieenerin Christine Lanzoni gebrach, déi 2007 genee 269 Deeg an enger Hiel verbruecht hat.

Back to Top
CIM LOGO